Ee 47 Joer ale Motocyclist ass um Samschde de Moien bei engem Accident op der A13 tëscht Fréiseng an Helleng ëm d'Liewe komm.

De Motocyclist war mat enger Grupp vun anere Motocyclisten ënnerwee. D'Police geet dovunner aus, datt ze héich Vitesse am Spill war. Tëscht dem verongléckte Motocyclist a sengem Gefier leien eng 300 Meter. Hie krut e provisorescht Schëld ze packen, nodeems hien déi kalifornesch Mauer geroden huet.

De Rettungshelikopter war op der Plaz, konnt awer net méi vill fir de Chauffeur maachen, deen ass nach op der Plaz verscheet. D’Leit hu missten op der Autobunn Fréiseng offueren, well d’Strooss gespaart gouf. De Miess an Erkennungsdéngscht war op der Plaz.

Den 47 Joer ale Mann war nach mat dräi weidere Motarden ënnerwee. Déi kruten ee psychologesche Support.

Am Laf vum Mëtteg gouf d'A13 nees opgemaach.