Réckstau vu Vakanzentrafic
Auto stoung a Flamen op Areler Autobunn viru Sortie Briddel

© Police
Ee Renault Mégane mat Lëtzebuerger Plack huet aus net gekläerten Ursaache Feier gefaang. Déi 4 Leit koumen awer nach mat Zäit aus dem Auto eraus.
D'Pompjeeën hunn den Auto kontrolléiert ofbrenne gelooss.

Wéint de Läschaarbechte war d'A6 gespaart. Dowéint koum et zu engem kilometerlaange Réckstau.

Den Ament leeft de Verkéier op enger Bunn lanscht, sou datt sech de Knuet nëmme ganz lues opléist.
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies