Et ass een alternative Model, deen op enger Partnerschaft tëscht dem Bauer an dem Konsument baséiert.

Op eng Informatiounsversammlung zu dësem Thema hat den Oekozenter Pafendall, d'Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer an de Mouvement ecologique op Ettelbréck agelueden. De Model bitt Virdeeler fir béid Säiten.

De Bauer weess, wie seng Produite fir een käschtendeckende Präis kritt, an de Konsument weess, wou a vu weem seng Liewensmëttel produzéiert ginn. De Präis gëtt am Ufank vun der Saison am Accord mam Konsument ausgehandelt. Heifir deckt den Bauer säi Budget op an erkläert, firwat hien dëst Joer investéiere muss, fir d'Geméis respektiv aner Liewensmëttel kënnen ze finanzéieren.

Op der Versammlung goufen awer och konkret Praxisbeispiller aus Däitschland, Frankräich an Lëtzebuerg virgestallt. Hei ze Lëtzebuerg gëtt et bis ewell nach kee landwirtschaftleche Betrib, deen dësen alternative Modell an Usproch hëlt. Zanter 2014 gëtt et awer TERRA, ee renge Geméisbaubetrib, deen op dem Prinzip vun der solidarescher Landwirtschaft baséiert. TERRA ass eng Investitiounskooperativ, dee sech duerch de Verkaf vun Undeeler vum Betrib finanzéiert. De Betrib, dee matten an der Stad um Eecher Feld ubaut, versuergt mëttlerweil 180 Membere mat senge Liewensmëttel. D'Nofro ass do eng ronn 20 Leit stinn op der Waardelëscht fir Member ze ginn. Solidaresch Landwirtschaft schéngt also net alleng duerch d'Risikodeelung, an de Pré-Finanzement eng Zukunft ze hunn.