Den amerikaneschen Ausseminister war e Samschdeg an e Sonndeg am Kader vu senger Europa-Tournée fir eng Visite zu Lëtzebuerg.

D'Aktualitéit aus de leschten Deeg stoung och am Mëttelpunkt vun der Visite vum US-Ausseminister John Kerry um Samschdeg zu Lëtzebuerg. No enger kuerzer Audienz am Palais war et eng Entrevue mam Lëtzebuerger Diplomatie-Chef Jean Asselborn.

An no den Evenementer aus de leschten Deeg sollt et deenen zwee dann och net u Gespréichsstoff feelen.

AUDIO: Kerry op Besuch: De Reportage vum Eric Hamus.

Flüchtlingskris, Brexit, Nice oder de Putsch an der Tierkei: "Just pick one!", géif den Amerikaner do soen: Wiel der een Thema aus, well et ginn der genuch. An et war effektiv och d'Putsch-Tentative an der Tierkei, déi dem "Secretary of State", wéi den Ausseminister an den USA genannt gëtt, bei senger Ried op der Place Clairefontaine am meeschten ervirgestrach huet.

Schliisslech war et no den Evenementer zu Istanbul an Ankara déi éischte Kéier, datt d'Nummer 4 an der "Presidential line of succession", ee vun de wichtegste Politiker aus den USA, an der Ëffentlechkeet geschwat huet. An nieft RTL, Wort, 100,7, Quotidien an Tageblatt hate sech och aner renomméiert Haiser, wéi Washington Post oder d'New York Times am Haff vum Ausseministère versammelt.

D'Verloschter vu Mënscheliewe wieren ëmmer dramatesch an et stéing een op der Säit vum gewielten Regime. D'Lag hätt sech berouegt et géif een alles dru setzen, fir den Tierke bei der Sich no den Hannermänner vum Putsch ze hëllefen. D'Tierkei wier nämlech ee wichtege Partner vun den USA, der Nato an der EU. Den John Kerry gëtt sech staatsmännesch, berouegt d'Vollek doheem.

RTL

© Charles Caratini / SIP

Wat Lëtzebuerg ugeet, sou hätt d'Land vill méi eng staark Stëmm an der Welt, wéi d'Awunnerzuel et géing suggeréieren, esou den John Kerry. D'Relatioun tëscht béide Länner wier déif a staark.

Hien hätt grousse Respekt virun de Lëtzebuerger Contributiounen op europäeschen am internationalem Plang, esou den John Kerry. D'Land wier ee wichtege Partner vun den USA, an dat net réischt zanter der jéngster Koalitioun géint den Terror.

An deem Kontext huet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn awer d'Efforte vum US-Ausseminister e Freideg bei sengem Homolog zu Moskau ervirgestrach. Déi wiere kruzial, fir de Krich a Syrien an all seng Suitten, wéi d'Flüchtlingskris ze stoppen. Wat d'Tierkei ugeet, géif een hoffen, datt geschwënn nees Rou an d'Land kënnt.

Elo wier d'Demokratie an der Tierkei gefuerdert, ouni Brutalitéit an ouni Affer, sou den Ausseminister, deen awer och nach aner Theme mat sengem amerikanesche Kolleg abordéiere wollt an dee leschte Punkt wier den TTIP.

VIDEO: John Kerry zu Lëztzebuerg
Den amerikaneschen Ausseminister ass e Samschdeg an e Sonndeg am Kader vu senger Europa-Tournée fir eng Visite zu Lëtzebuerg.

Et hätt een op alle Fall nach eng "bumpy road" viru sech, eng Strooss mat ville Lächer a Knuppen. An domadder war sécher net den informelle Vëlostour gemengt, bei deem di zwee Spëtzepolitiker hir Gespréicher um Samschdeg den Owend virugefouert hunn.

De Lëtzebuerger Ausseminister, ee passionéierte Cyclist, hat sech nach Verstäerkung mat op de Wee geholl an der Persoun vum Andy Schleck. Um Programm stoung een Tour duerch Stengefort.

RTL

© © 2016 SIP / Jean-Christophe Verhaegen, tous droits réservés

Bei all den aktuelle Krisen an Evenementer muss een sech och mol déi Zäit huelen, kuerz stoen ze bleiwen, a sech ze goen an deenen Mënsche Respekt entgéintzebréngen, déi fir ons Fräiheet gestuerwen sinn. Dat war de Message um Sonndeg de Mëtte vum Premier Xavier Bettel um leschten Dag vun der Visite vum US-Ausseminister John Kerry zu Lëtzebuerg.

Am Mëttelpunkt vun der Visite um Sonndeg stoung nämlech ee Besuch um amerikaneschen Zaldotenkierfecht zu Hamm.

Fir ee kuerzen Ament war den héije Gaascht nees an den USA: Streng gekuckt nämlech ass den Zaldotekierfecht Territoire vun den Vereenegten Staaten - ee Cadeau vum Lëtzebuerger Vollek fir di dausenden jonk Fraen a Männer, déi hiert Liewe fir e fräit Europa ginn hunn a lo op Éiweg an der Friemt, wäit wech vu Frënn a Familljen leie mussen.

Et hätt een natierlech och iwwert déi aktuell Developpementer geschwat, sou de Premier géintiwwer der Presse. Ma de Nomëtten awer stoung ganz am Zeechen vun der Erënnerung un de Sacrifice.

Den John Kerry huet op där Plaz dem Lëtzebuerger Vollek Merci gesot, fir den léiwen Accueil, ma och fir di wonnerschéi Plaz, op där d'amerikanesch Zaldoten a Fridden rouen dierfen.

Lëtzebuerg wier den Zentrum vun Europa. Een Europa, dat et ouni d'Affer vun den Alliéierten am zweete Weltkrich haut net géif ginn.

Fir de Premier Xavier Bettel, dierft een d'Affer vun deenen Zaldoten op kee Fall vergiessen. Scho guer net am aktuelle Kontext vun de Krisen an den Attentater uechter Europa. Soss, esou de Staatsminister, brénge mer se eng zweete Kéier ëm.

AUDIO: Kerry op Besuch (2. Dag): De Reportage vum Eric Hamus.
John Kerry zu Lëztzebuerg (2. Dag)
Am Mëttelpunkt vun der Visite um Sonndeg stoung ee Besuch um amerikaneschen Zaldotenkierfecht zu Hamm.