Condoléance-Messagen, Fändelen op Hallefmast an e Rassemblement bei der Gëlle Fra um Weekend.

Fir sech ze sammelen, fir ze traueren, fir sech géigesäiteg ze tréischten a sech Courage ze maachen, hunn, esou wort.lu, 4 "conseillers consulaires élus pour les français du Luxembourg", an zwar Carole Boit-Stuart, Monique Dejeans, Alexandre Chateau-Ducos a Bruno Théret, e Rassemblement um Samschdeg, ëm 14 Auer bei der Gëlle Fra organiséiert.

Schonn no den Attacken zu Paräis op Charlie Hebdo hate sech an der Stad vill Leit versammelt.