Den héich-securiséierte Lëtzebuerger Satellit GovSat gëtt 2017 lancéiert. Et gëtt elo schonn eng grouss Nofro bei de Clienten.

Mëtt d'nächst Joer soll e vum Cape Canaveral aus lancéiert ginn: den héich-securiséierten Lëtzebuerger Satellit, dee fir militäresch Institutioune wéi d'NATO, respektiv Regierungen zur Dispositioun steet, déi da Frequenzen kënne lounen.

De Projet gëtt duerch d'Gesellschaft GovSat vu Betzder aus geréiert - do wou och de Bau vun engem Zenter ass, deen d'Steierung vum Militärsatellit garantéiert. Bis zu 20 héichspezialiséiert Plaze sollen duerfir geschafe ginn.

De Roy Grotz huet nogefrot wou de Projet drun ass...

AUDIO: GovSat / De Reportage vum Roy Grotz

Am Timing, seet de Generaldirekter vu GovSat Patrick Biewer, deem no elo an der waarmer Preparatiounsphase bis zu 50 Leit um Projet schaffen. De Satellit selwer ass den Ament an enger Integratiouns- an Testphase beim US-Konstrukteur Orbital-ATK, iwwerdeem d'Fënster fir de Lancement mat enger SpaceX Rakéit da vu Juni un ass. Et geet, dat huet ee verstanen, ëm Frequenzen, déi fir Institutiounen wéi d'NATO a Regierunge reservéiert sinn.

Et kann een kleng Bandbreeten notzen, oder och méi grousser wéi z.B. fir Videoiwwerwaachung, wou et bis an de Beräich vu Gigabit ka goen.

A Clienten ginn et der genuch fir GovSat, déi mat 225 Milliounen dotéiert ass. Esou zum Beispill d'Lëtzebuerger Defense, déi Bandbreete lount an dës dann der NATO zur Dispositioun stellt. Firwat fir eng Date-Kommunikatioun gëtt de neien Satellit genotzt: Rieds geet vun Iwwerwaachung, Grenzschutz an natierlech Lutte géint terroristesch Reseauen. Do kann z.B. eng Videoiwwerwaachung fir Border-Control driwwer lafen oder eng Datekommunikatioun zwësche gouvernementale Institutiounen wou eng sécher Datekommunikatioun muss assuréiert ginn. Et gëtt eng Multitud vun Applikatiounen, souwuel am stationäre Beräich (fix Antennen) oder awer och am mobile Beräich.

De Projet vum SES16-GovSat ass zerguttst lancéiert a soll e kloren economesche Retour fir d'Land duerstellen, mam Schafe vu Plazen direkt um Site Betzder, mä och natierlech indirekte Plazen, déi entstinn, mä och Dividenden, déi fir de Staat offalen an d'Entwécklung vum ganzen Satellitten- a Weltraumsecteur am Land.

Mä duerfir mussen och Clienten do sinn... ginn et déi froe, mer de Patrick Biewer?

Patrick Biewer: Mir hu ganz grouss Demanden. Ech kann do net an déi eenzel Detailer vun de Länner eragoen, mä et ass op jidder Fall esou, dass de Satellit net komplett verkaf ass.... de Satellit ass am Bau. Mir hunn ugefaangen eis kommerziell Demarchen ze maachen an d'Gespréicher mat deenen eenzelne Länner ze féieren. De Satellit gëtt elo lancéiert 2017. An der éischter Period, déi éischt Joren wäerte mer op jiddefall eis Kapazitéite kënnen ausbauen un déi entspriechend Notzerufuerderungen.

Datt Lëtzebuerg an der Creatioun a Steierung vum Militärsatellit eng Pionéier-Roll iwwerhëlt - alt nees - mécht sécher gutt no baussen. De Satellit wäert op enger Héicht vu 36.000 KM positionéiert ginn iwwert dem Äquator an ongeféier iwwert dem Konko/Kinshasa a soumat quasi e Spigel tëscht Norwegen am Norden, bis zu Südafrika duerstellen.