D'Stëmm vun der Strooss op Besuch am Phantasialand

© Eric Hamus / RTL Radio Lëtzebuerg
Walibi, Phantasialand, Grottes de Han: Plazen, déi sou Munchereen schonn als Kand gesinn huet. Sief et an der Famill oder mat der Schoulklass.
Den Duerchschnëttslëtzebuerger geet gär an d'Vakanz, am Léifsten an d'Sonn ... a wann et geet, dann och ee mol d'Joer an de Schnéi. Do vergësst ee gären, datt et vill Leit ginn, déi sech et net leeschte kënnen, d'Wallissen ze paken a bis kuerz an d'Ausland ze jauwen.

© RTL Radio Lëtzebuerg / Eric Hamus
All Mënsch soll awer d'Méiglechkeet kréien, op d'mannst een Dag aus sengem Alldag auszebriechen. Dat seet sech d'Stëmm vun der Strooss an organiséiert dofir reegelméisseg kleng Toure fir déi Leit, déi sech keng grouss Vakanz leeschte kënnen.
En Donneschde war et nees esou wäit: Phantasialand an d'Grottes de Han stoungen um Programm.