De Chantier vum Funiculaire hëlt impressionant Formen un.

Och während dem Kollektivcongé schafft eng Schwäizer Firma un der Standseelbunn.

Éischt Schinne si schonn op der Plaz. Am Fréijoer d’nächst Joer soll den éischte Waggon geliwwert ginn. Herno wäerte jo am ganze 4 Waggonen tëscht dem Arrêt Pafendall an der rouder Bréck zirkuléieren.

D’Waggonen hunn eng Capacitéit vun 168 Leit a sinn a knapp enger Minutt Zäit uewen um Kierchbierg.

D’Aarbechte sinn am Delai, fir dass den éischte Funiculaire am Dezember 2017 ka fueren.