An der Weilerbaach sinn am Park vum Centre Heliar 2 Figuren, de Jesus an de Joseph, gekäppt ginn.

Tëscht dem 16. an dem 17 August huet e Portier d'Police alarméiert, wéi him opgefall ass, dass bei 2 chrëschtleche Statuen de Kapp gefeelt huet.

D'Statue vum Jesus ass mat engem Pavé gekäppt ginn, de Joseph mat engem Aascht.
D'Police huet d'Spuren op der Plaz geséchert an et leeft eng Enquête.