Lëtzebuerger hëllefen zu Thessaloniki

© afp
Am Norde vu Griicheland ass d'a.s.b.l Catch a Smile a Flüchtlingscampen am Asaz. Mat dobäi sinn och 7 jonk Lëtzebuerger, déi eppes Guddes wëlle maachen.
Et héiert een an der Lescht vläit manner aus de Flüchtlingscampen, mä d'Situatioun huet sech nach laang net iwwerall verbessert. Dofir sinn de Moment nees Benevole vun der Catch a Smile a.s.b.l. an a rondrëm d'Stad Thessaloniki am Norde vu Griicheland ënnerwee. Nodeems de Flüchtlingscamp zu Idomeni evakuéiert gouf, sinn hei eng sëllech Militärcampen entstanen.
D'Situatioun ass hei net onbedéngt besser an d'Frustratioun bei de Flüchtlingen ass grouss, soen d'Li Schiltz, d'Line Didelot an de Christophe Capelle, déi grad op der Plaz sinn. Dat läit net nëmmen un de Leit hirer ongewësser Situatioun. Dem Li Schiltz no ass ee vun deene gréisste Problemer d'Ernährung, déi ass nämlech alles anescht wéi optimal. Seele gëtt et Uebst oder Geméis, mä meeschtens Räis a en dréchent Stéck Fleesch.
Fir di jonk Benevolen ass d'Aarbecht net ëmmer einfach. D'Line Didelot seet, dass ee vun engem regulären Aarbechtsalldag net ka schwätzen. All Dag wär e bëssen anescht an et misst ee sech der aktueller Situatioun upassen.
An dach sinn d'Benevole frou ze gesinn, wéi dankbar d'Flüchtlinge sinn. Dofir wëlle si weider dru schaffen, de Mënschen zu Thessaloniki eng grouss Angscht ze huelen. De Benevolen no ass déi gréissten Angscht vun de Leit an de Lager vergiess ze ginn. Hei spillen d'Benevolen och eng wichteg Roll, well hir Aufgab ass och, sech anzesetzen, dass d'Ëffentlechkeet d'Flüchtlingen net vergësst.
Bis Ufank September ass d'Catch aSmile a.s.b.l. nach op der Plaz.