Gesetzprojet iwwert d'Sanktioune bei der Police

Et geet ëm dee Gesetztext, deen d'Sanktiounen regelt, déi bei der Police spillen, wann e Beamten sech net un d'Disziplin hält, déi him operluecht ass.
Et geet also ëm Sanktiounen, déi a vereenzelten, manner grave Fäll kënnen direkt vum Police-Generaldirekter decidéiert ginn oder vun engem Conseil de Discipline. Eng Neierung am Gesetztext ass et, datt och d'IGP an d'disziplinaresch Prozedur mat agebonne gëtt. Nei ass och, datt et an Zukunft nëmmen nach soll eng eenzeg Prozedur ginn, wou et der bis elo zwou waren.
An engem vun den éischte Kapitele vum Gesetz gëtt festgeluecht, wéi d'Prinzipien vun der Police-Disziplin iwwerhaapt sinn; esou steet geschriwwen, datt d'Beamten an Uniform sech sollen mat Dignitéit an Zivilitéit behuelen an d'Leit mat Versteesdemech an ouni all Form vun Diskriminatioun behandelen.
Wann se am Déngscht sinn, dierfen d'Beamten och net weisen, datt se enger politescher favorabel oder défavorabel entgéint stinn. Och op de Secret professionnel géintiwwer Fammilljenmemberen an Drëttpersoune gëtt formell higewissen.
Éier dann d'Sanktiounen opgezielt ginn, gëtt awer och opgelëscht, firwat e Polizist ka belount ginn. Dat kann eng citation à l'ordre, eng schrëftlech Felicitatioun oder d'Dispense vum Service fir maximal 8 Stonne sinn.
Da ginn 10 verschidde Forme vu Sanktiounen am Gesetz festgehalen, wou d'Rëtsch vum Avertissement, der Réprimande - also op gutt Lëtzebuergesch der Panzrappecht - iwwert eng Amende, der Retrogradatioun, der fréizäiteger Pensioun bis hin zur Revocatioun geet. An deem leschte Fall ginn och d'Pensiounsrechter mat verluer. Aner Sanktioune sinn d'Versetzung, d'Suspensioun vun de Biennalen oder och de Retard an der Promotioun.
Éier dës Sanktioune spillen, muss eng instruction disciplinaire natierlech spillen, déi vun der IGP an dem Conseil de Discipline gefouert gëtt. Dëse Gremium gëtt vun engem Riichter presidéiert.