D'Young Caritas huet um Freideg eng 50 Flüchtlingen zu Esch/Sauer a Léifreg empfaangen, fir e flotten Dag zesummen ze verbréngen.

"Et wier wichteg sech ënnerenee besser kennen ze léieren a mateneen ze schwätzen", esou de Paul Galles vu Young Caritas.

Eng 25 jonk Lëtzebuerger an eng Partie Flüchtlingsfamilljen aus dem Irak a Syrien hunn e Freiden de Moien Esch-Sauer besicht. Virop déi Jonk huet déi schéin Natur begeeschtert. Mëttes goung et op Léifreg wou zesumme giess a gespillt gouf.