Parquet freet Expertise ... wéi ee Kräid ofkritt
Um Friddensgeriicht an der Stad sollt um Méindeg de Moien de Prozess si géint Membere vum KënschtlerInne-Kollektiv Richtung 22 ... sollt ...
Um Virowend vum Nationalfeierdag vun zejoert wollte Membere vum KënschtlerInne-Kollektiv Richtung 22 mat Kräid eng nei Versioun vun der Nationalhymn virun d'Trape vun der Philharmonie schreiwen; si waren awer vun der Police an hirem Elan gestoppt ginn.
E Méindeg de Moie sollt dës Affär, wéinst där e puer Jonker ugeklot sinn, um Friddensgeriicht an der Stad un d'Rei kommen, ma de Prozess gouf no e puer Minutten op onbestëmmten Zäit ausgesat. De Grond dofir ass, dass de Vertrieder vum Parquet eng Expertise gefrot huet, fir erauszefannen, wéi ee Kräid ofkritt ...
Ee vun de Beschëllegten, de Lars Schmitz vu Richtung22, huet no där kuerzer Sëtzung scho mat Spannung op dës Expertise gewaart: "'t schéngt wéi wann um Parquet souwéi beim Geriicht déi Zäit, wou se nach mat Kräid op der Strooss gemoolt hunn, esou laang zeréckläit, datt elo tatsächlech de Besoin besteet, fir nach eemol wierklech nozekucken, wat dat fir eng Matière ass."
De jonke Mann, deen hofft, laanscht eng Prisongsstrof ze kommen, huet op eng Solidaritéitsaktioun, e leschte Freiden, am Mat-Kräid-Mole verwisen. Eng 40 Leit hätte virun de Rotondë matgemaach; d'Police wär awer och do gewiescht an hätt bei de Rotonden ugeruff gehat, fir do quasi unzebidden, d'Plaz ze raumen ...
De Lars Schmitz huet drun erënnert, dass et zejoert kuerz nom Referendum zu där Aktioun bei der Philharmonie koum; et hätt een d'Resultater dovun an de Kontext vun Nationalfeierdag setze wëllen, mat Froe ronderëm Natioun, Nationalitéit a Matbestëmmungsrecht. Et wär een awer schlecht organiséiert an d'Police schonn do gewiescht. An dëser Affär géif et ëm d'Fro goen, wéi wäit d'Konschtfräiheet geet, bis ee Stopp seet; sou géif sech hannert enger Lappalie eng grouss Froestellung verstoppen.
Fir d'Affekotin vun den Ugekloten ass et e gutt Zeechen, dass de Parquet elo kuckt, ob deemools e Schued virloung, quitte dass een d'Affär haut gär geholl hätt, "mä et kann eis nëmmen hëllefen, datt elo och nach eng Expertise feststellt, datt effektiv och Kräid, déi gesprayt ass, vun eleng ofgeet mat Witterung, vläit net déi éischt Hallefstonn ..." U sech wier dat elo zu hirem Virdeel.
D'Me Laura Urbany weess allerdéngs net, wat de Parquet zum Zil huet: Geet et drëm, datt d'Saach seriö gekuckt gouf? Si hofft, awer, datt derbäi erauskënnt, datt keng Degradatioun virläit ...
Wann déi Expertise bis gemaach wär, léichen all d'Elementer um Dësch, soudass e Méindeg de Moien näischt Falsches geschitt wär, sou d'Affekotin vun de Beschëllegten.