No der Steierreform kéinten zéngdausende Frontaliersfamillje um Enn vum Mount manner an der Täsch hunn, an dat ebe just wéinst der Gläichberechtegung.

Wann eng bestuete Koppel gären déi nidderegst Steierklass 2 hätt, da muss se och de gesamte Revenu vum Stot, dat heescht dee vun deenen 2 Salariéen zesummen deklaréieren. Dat gëllt no der Steierreform och fir all Frontalieren, haut hunn déi nämlech dacks zwar d'Steierklass 2, deklaréieren awer nëmmen 1 Revenu. Fir zéngdausende Famillje bedeit dat eng méi héich Besteierung.

AUDIO: Steiere fir Frontalieren / Reportage Ben Frin

No der Steierreform geet dat net méi, fir vill Famillje bedeit dat herno méi Steierlaascht. De Christophe Knebeler vum LCGB fënnt dat ongerecht, et wéilt een eng Gläichberechtegung an awer ginn d'Frontalieren benodeelegt.

Net ongerecht, mee ganz normal fënnt dat de Steierspezialist fir Frontaliere Stephan Wonnebauer. Vill Frontalieren maache keng Steiererklärunga profitéieren vun der Steierklass 2 obschonns si déi guer net gutt hunn.

Dat heescht bis elo haten eng Rei Frontaliere Virdeeler vis-à-vis vu Residenten déi se net hätte sollen hunn, esou gesäit et de Stephan Wonnebauer. No der Steierreform gëtt dat méi gerecht, well do gëtt et méi Transparenz.

De méi héije Steiersaz géif sech a ville Fäll, ofhängeg vun der familiärer Situatioun vum Frontalier, doduerch ausgläichen, dass och méi vun der Steier kann ofgesat ginn, esou nach de Stephan Wonnebauer.