D'Manif vun de Géigner vun den ëmstriddene Fräihandelsofkommen TTIP a CETA ass um Samschdeg vun der Gare bis op d'Clairefontainesplaz gaangen. Fotoen.

Eng 4.000 Leit hunn um Samschdeg de Moien géint déi geplangte Fräihandelsofkommessen mat Kanada, CETA, an den USA, TTIP, an der Stad protestéiert.

VIDEO: Manif géint TTIP a CETA
D'Plattform "Stop TTIP" hat haut eng weider grouss Manifestatioun géint d'Fräihandelsaccorde mat den USA a Kanada organiséiert.

Et war eng friddlech Demonstratioun an awer huet ee matkritt, datt eng weider lass war. Vill Kaméidi gouf geschloen, Trommelen, déi eng oder aner Vuvuzela, souguer Leit mat Dëppen a Bräiläffel huet een ënnerwee begéint ...

AUDIO: Grouss Manif géint TTIP a CETA: Rep. Tim Morizet

CETA an TTIP polariséieren d'Natioun a bréngen d'Bierger, jonk ewéi al, dozou, op d'Stroossen ze goen. Bei enger éischter Demonstratioun d'lescht Joer hate sech jo eng knapp 2.000 Leit an der Stad erëmfonnt, fir géint dëst Ofkommen ze protestéieren. Um Samschdeg de Moie waren et der dem OGBL no méi ewéi dat duebelt.

D'Police schätzt d'Zuele vun de Participanten op 3.500 bis 4.000. Den OGBL schwätzt esouguer vu 5.000 Leit.

RTL

Um 10 Auer ass et vun der Gare aus lassgaangen, fir pénktlech um 11 Auer och bei der Clairefontainesplaz unzekommen. Vill Riede goufe gehalen a gejaut gouf och. Jidderee wousst, firwat hien dee Moien do war. Dacks huet ee jo d'Gefill, datt bei Streiken d'Leit net ëmmer de Kär vun der Manifestatioun verstinn. Haaptsaach jäizen. Hei war dat anescht! D'Leit waren am Bild a wousste Bescheed ...

Et schwätzt een elo vun enger éischter Victoire. Dem Blanche Weber no, Presidentin vum Mouvement écologique, wier een houfreg drop, datt esou vill Léit sech mobiliséiert hätten.

E Stopp vun de Verhandlunge vum TTIP an eng kloer Aussoe vun der Regierung - dëst si just e puer vun de Fuerderungen, déi gefall sinn.

AUDIO: TTIP/CETA: Extrait Véronique Eischen vum OGBL.

D'Interête vun de Leit misste méi eescht geholl ginn. Et wier een net kategoresch géint en Handelsaccord. Mä den Accord misst transparent, ökologesch, sozial an wirtschaftlech nohalteg sinn. Mat CETA an TTIP wier dëst Zill net erreecht.

RTL

© Patrick Greis/RTL