1971 gouf et nach 454 Hotellen, Pensiounen oder Aubergen uechter d'Land, dovunner sinn der haut awer just nach 232 iwwreg.

Dat weise Chiffere vun der Horesca. Besonnesch an der Regioun Mëllerdall wären an de leschte Joren immens vill kleng a mëttelgrouss Betriber an dem Secteur zougemaach ginn an och den Ament stéing d'Zukunft vun enger Partie aneren Hotellen nach an de Stären.

AUDIO: Hotellerie am Mëllerdall/Reportage Annick Goerens

Et erféiert ze gesinn, wat haut an enger soss sou gutt besichter Regioun wéi dem Mëllerdall géing zum Verkaf stoen, seet den David Albert Proprietaire vum Hotel-Restaurant "L'Ernz Noire" um Grondhaff. D'Grënn dofir wäre ganz verschidden. Ugefaange mat der grousser Konkurrenz am Ausland, wéi dem Bostalsee oder dem Schwarzwald, wou nieft Hoteller och Infrastrukturen do sinn, fir dann, wann et mol reent. Dat wier am Norden an am Osten hei am Land net de Fall. Natierlech wären d'Trëppel-Weeër am Mëllerdall een immens groussen Atout fir d'Regioun, mä déi Clientèle géing net méi duer goen, fir d'Hotelle voll ze maachen. Et feelt u Beschäftegunge fir d'Leit, zum Beispill e Park mat Déieren.

Schwéieren Häerzens ...

Vill Hotellen an der Regioun wären och zimlech al a well d'Standarde vun den Touristen ëmmer méi héich ginn, missten d'Proprietairen ebe renovéieren. Dat ass awer mat héijen Investissementer verbonnen, déi ee bei enger ongewësser Zukunft eben net méi onbedéngt wëll maachen. Den David Albert géif schwéieren Häerzens aus der Regioun fortgoen.

No 25 Joer soll de Familljebetrib "L'Ernz Noire" also am Dezember zougemaach ginn. Aus dem Hotel an dem Restaurant sollen da Wunnengen gemaach ginn.