E Samschden de Moie war déi offiziell Ouverture vun der Hierschtfoire "Home and Living" an der Luxexpo um Kierchbierg.

AUDIO: Home and Living / Reportage: Claudia Kollwelter

"D'Gebaier sinn haut fir 40% vun eisem ganzen Energieverbrauch a fir 36% vun den CO2 Emissiounen an der EU responsabel", dëst huet d'Staatssekretärin Francine Closener e Samschden de Moie bei der offizieller Ouverture vun der Hierschtfoire "Home and Living" betount. D'Ambitioun wier dofir, Neibau- a Renovatiounsprojeten esou intelligent wéi méiglech ze plangen an ëmzesetzen. Ressourcë missten heifir intelligent, efficace an effizient agesat ginn. Nieft dem ICT-Secteur ass de Logement ee wichtegt Schlësselelement vun der Strategie fir d'Zukunft.

AUDIO: Ouverture "Home & Living" - Francine Closener

Et wéilt een awer och méi geziilt mat den Entreprisen aus dem Bausecteur zesummeschaffen. An där Logik hätt myEnergy sech déi lescht Woch mat zwee neie Partner zesummegedoen: der Chambre des Métiers an dem Ordre vun den Architekten an den Ingénieurs Conseil fir dës Energie-Transitioun ze realiséieren. Iwwer d'Halschent vun de Gebaier zu Lëtzebuerg wären iwwer 40 Joer al, sou d'Francine Closener. Dofir géif d'Renovatioun och eng elementar Roll an där Transitioun spillen. Fir eng gemeinsam Renovatiounsstrategie opzeleeën, hätt de Wirtschaftsministère an de leschten 12 Méint 200 Acteuren aus dem Energie-a Bausecteur an diversen Aarbechtsgruppen zesummebruecht.

Déi meescht Aarbecht wier gemaach. Enn des Joers soll déi Renovatiounsstrategie da finaliséiert ginn. Et wier mat sou Initiativen datt een d'Land op d'Zukunft géing virbereeden: andeem een konsequent manner Energie verbraucht, manner CO2 ausstousst, an an engems dem Handwierk an der Wirtschaft nei Impulser gëtt, sou nach d'Francine Closener.

© Dominique Da Silva / RTL Télé Lëtzebuerg

Ouverture de la Home & Living Expo : Francine Closener annonce un programme d’action pour soutenir l’artisanat
Communiqué par: ministère de l’Économie
Lors de la cérémonie d'ouverture de la Home & Living Expo en date du 15 octobre 2016, la secrétaire d’État à l’Économie, Francine Closener, a rappelé l’impact transversal de la digitalisation sur l’ensemble des secteurs de l’économie tout en se focalisant sur les défis à relever en particulier par les petites et les moyennes entreprises.

A l’instar du programme d’action "Pakt PRO Commerce" pour le soutien et le développement du commerce de détail, Francine Closener a annoncé lors de son discours une initiative similaire pour dynamiser davantage le secteur de l’artisanat : « Zesumme mam lëtzebuerger Handwierk hu mer decidéiert, fir een Pakt matt konkréte Mesuren fir den Artisanat op d’Been ze stellen. Di 4 Haaptvolet‘en vun dësem Aktiounsprogramm sti schonn: Promotioun vum Handwierk, Transmissioun vun den Entreprisen, Qualitéit vum Zerwiss, an och hei d’Digitaliséierung. D’Dynamik, déi vun der Fédération des Artisans an vun der Chambre des Métiers ausgeet, loosse mech keen Ament um Succès vun esou engem Pakt PRO Artisanat zweiwelen ».

Lors de son allocution, la secrétaire d’État à l’Économie a aussi informé que suite aux consultations des acteurs concernés comme la construction, l’élaboration d’une stratégie nationale de rénovation énergétique des bâtiments sera finalisée à la fin de l’année.

Elaborée dans une approche participative en collaboration avec l’économiste Jeremy Rifkin,  l’étude "The Third Industrial Revolution Strategy" pour une stratégie économique plus durable pour le Luxembourg sera présentée le 14 novembre 2016 à Luxexpo. Selon Francine Closener, cet événement est ouvert à toute personne qui s’intéresse à la question « Wat fir ee qualitative Wuesstem fir eist Land? ». Les inscriptions pour y participer se font en ligne.