Mat engem feierleche Staatsakt huet Lëtzebuerg um Sonndeg op der Stater Gare de Lëtzebuerger Judde geduecht, déi mam 1. Konvoi deportéiert goufen.

Op der Stater Gare gouf e Sonnden de Moie mat enger emouvanter Commemoratiounsfeier un déi éischt Deportatioun vu Judden an de Ghetto vu Litzmannstadt a Polen geduecht, dem heitege Lodz. An dat genee op där Plaz, vun där d'Gestapo 1941 eng 323 Persounen deportéiert hat. Fir de 16. Oktober waren deemools eng 374 Judden an d'Stad convoquéiert ginn. 323 Persoune sinn dem Appell nokomm. Géint 10 Auer gouf d'Gare dunn boucléiert an déi 323 Kanner, Jonker, Männer a Fraen goufen an den Zuch gespaart, mat deem et du mol a Richtung Tréier gaangen ass, wou eng 189 weider Judden dobäi koumen. Si alleguerte goufen op Radegast a Polen gefouert, wou se den 18. Oktober Mëttes sollten ukommen. Vun do aus goung et dunn an de Ghetto vun der Stad Lodz, déi vum Hitler-Regime an Litzmansstadt ëmdgedeeft gouf. Vun den 323 Judden, déi aus Lëtzebuerg deportéiert goufen, sinn der nom Krich just 12 zeréck an de Grand-Duché komm.

Den Optakt vun der Zeremonie hunn e Sonnden de Moie virun 10.30 Auer eng 323 Schüler gemaach, déi fir all Deportéierten eng Wallis um Parvis néier gesat hunn. Duerno goufen 3 Temoignagen aus der deemoleger Zäit virgelies, ier sech den Premier Xavier Bettel an den Chamberpresident Mars di Bartolomeo un d'Gäscht adresséiert hunn, dat a Präsenz vum Grand-Duc Henri, deen no der Zeremonie mat de Familljen vun de Concernéierte geschwat huet.

Um Enn vu senger Ried sot de Premier Xavier Bettel: Wat fir ee Message ka vu enger Commémoratioun wi haut ausgoen ? Sécherlech e vun Humanitéit, vu Respekt vrun deem aanere Mënsch, vun Intoleranz géintiwwer der Intoleranz, d.h. Aschreide mat Zivilcourage bei all, och bei deem klengsten Incident vu Friemefeindlechkeet a Rassismus. Mee dat kléngt wi eng Sonndesried, wi mer der schonns sou dacks héieren hunn. An dach geet d’Embréngen an d’Verfollegung vu Minoritéite weider, gëtt et rëm méi a méi Kricher an eiser komplizéierter Welt. Aus menger eegener Familjegeschicht weess ech, wat Emigratioun bedeit…

Et gouf iwwerdeems annoncéiert, datt am Joer 2018 ee spezifescht Monument vun der Mémoire am Regierungsquartier soll installéiert ginn.

75 Joer duerno: Deportatioun vu Lëtzebuerger Judden.
De 16. Oktober 1941 goufen 323 Lëtzebuerger Judden vun der Stater Gare aus, a Polen deportéiert. En éischten Zuch. Just eng Dosen vun hinnen koum nees Heem.

Hei den Oflaf vun der Zeremonie:

 
 


10 h 20   Accueil de S.A.R. le Grand-Duc par le Premier ministre, ministre d'État, Xavier Bettel, le président de la Chambre des députés, Mars Di Bartolomeo, le président du Consistoire israélite de Luxembourg, Claude Marx, et le bourgmestre de la Ville de Luxembourg, Lydie Polfer

10 h 25    Dépôt sur le perron extérieur de 323 valises symboliques par des lycéens
               Lecture des noms des victimes du premier transport de Luxembourg

10 h 35    Trois témoignages en trois langues sur des personnes déportées le 16 octobre 1941 présentés par des artistes, encadrés de quatre pièces de musique d’époque

11 h 05     Discours du Premier ministre, ministre d'État, Xavier Bettel 
                Interlude musical 
                Discours du président de la Chambre des députés, Mars Di Bartolomeo 

                Interlude musical 
                Discours du président du Consistoire israélite de Luxembourg, Claude Marx

                Chant hébreu El Maleh Rachamim par Michel Heymann

11 h 40     Hymne national

11 h 45     Rencontre de S.A.R. le Grand-Duc avec des membres des familles de victimes et des témoins et avec les lycéens ayant participé au projet pédagogique

11h 55      Fin de la cérémonie