Mat alle Parteien, ausser der LSAP hätt d'Gewerkschaft scho geschwat. E Rendez-vous bei der Ministesch hat een awer nach net.

D'Artikele vum neie Spidolsgesetz, déi vun der Spidolsfederatioun beaflosst gi sinn, solle vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren, der AMMD, nei formuléiert ginn. Dësen Optrag ass d'Resultat vu Gespréicher, déi d'Associatioun mat bal all de politesche Parteien déi lescht Zäit gefouert huet. D'AMMD huet och scho konkret Virstellungen, déi an Zukunft mat de jeeweilege Parteie beschwat solle ginn. Eng Partei huet ee bis elo awer nach net gesinn, an och mat der zoustänneger Ministesch huet d'Associatioun nach net geschwat.

AUDIO: AMMD / Reportage Claudia Kollwelter

D'LSAP feelt nach, déi géing een demnächst awer gesinn. Et hätt een aus klore Grënn mat deenen anere Parteien ugefaangen an d'Charge vun der Politik, wann dann och net vun der kompletter, géing een unhuelen, sou den Dr. Alain Schmit vun der AMMD. Den Optrag, deen ee kritt huet, ass eng breet Majoritéit vun alle Faarwen.

Dat neit Spidolsgesetz wier en eesäitegen Text, deen een net matdroe kéint. Et hätt ee gären an deem Gesetz dat, wat d'Ministesch och selwer ugeschloen huet. Dat wier eng anstänneg Gouvernance, wou e Gläichgewiicht dran ass an d'Fuerderunge vun deem engen an deem anere respektéiert ginn.

En Treffe mat der Spidolsfederatioun wier net virgesinn, well de Problem enzwousch anescht läit, an zwar bei der Madame Ministesch.

E Rendez-vous mat der Ministesch hätt e bis elo awer nach net. Dem Optrag vun de Parteie kënnt een de Moment no. D'Amendementer zu de kriteschen Artikele géing een am Sënn vun de Patienten nei formuléieren, sou den Dokter Philippe Wilmes. Et geet der AMMD an den Dokteren eenzeg an alleng ëm d'Wuel vun de Patienten. D'Dokteren eleng hunn d'Responsabilitéit vun de Patienten. A wann ee sech weider fir hiert d'Wuel richteg asetze kann, mussen d'Dokteren als Schlësselakteur a Matsprooch- an Entscheedungsrecht hunn.

Et bedauert een, datt d'Politik net am Virfeld mat hinnen iwwert déi Sujete geschwat huet, a mol eng Kéier an de Fong gaange ass, ier se ugefaangen hunn, d'Gesetz ze schreiwen.