Eng interessant Renconter mam Dr. Denis Mukwege
Schlëmm Temoignagë vum Fraendokter, Mënscherechtsaktivist a Grënner vum Panzi-Spidol zu Bukavu, deen d'lescht Joer mam Sacharow-Präis ausgezeechent gouf.
Déi systematesch Vergewaltegung vu Fraen an der Demokratescher Republik vum Kongo ass kee sexuellen Akt, mä eng Krichs-Strategie, esou den Dr. Denis Mukwege.
Zënter Joren heelt dëse kongolesesche Gynecologue, Mënscherechtsaktivist a Grënner vum Panzi-Spidol zu Bukavu, deen d'lescht Joer mam Sacharow-Präis fir Meenungsfräiheet vum Europäesche Parlament ausgezeechent gouf, Fraen a Kanner um physeschen, grad ewéi um psychesche Plang.
Iwwer 50.000 Patientinnen, déi Affer vun engem brutalen ekonomesche Krich gi sinn, huet hie schonn traitéiert.
Bis elo hätt sech nämlech nach net genuch geännert, esou den Dokter Mukwege. Am Spidol wou hie schafft, si nach ëmmer 6-7 Fraen den Dag, déi mat ganz schroe Verletzungen ageliwwert ginn. All Dag behandelt hie Fraen, déi duerch Vergewaltegungen, déi meeschtens vun e puer Männer duerchgefouert ginn, regelrecht vu banne futti gemaach gi sinn. 'On m'a tué', soen se him, wa se bei hien an d'Spidol kommen.
Mä domat hält et net op. Dacks ginn d'Männer vun de Victime gezwongen, fir nozekucken oder souguer nach bei der Dot matzehëllefen. Mä et si net nëmme Fraen, wou vergewaltegt ginn. Et sinn och ganz dacks Kanner. Ma d'Aarbecht, wou den DR. Mukwege mécht, bezitt sech net nëmmen op dat physescht.
Wou hien ugefaangen hat mat schaffen, hat hie geduecht, et wiere just vereenzelt Fäll. Mä bis ewell huet hie ronn 50.000 Fraen a Kanner behandelt.
Nodeems 2012 en Onbekannte versicht hat, den Dr. Mukwege erëmbréngen, hat hien d'Land verlooss an d'Hoffnung opginn. Seng Aarbecht ass och mat Sécherheet näischt, wat een einfach esou kéint ewechstiechen. Ma hien huet e Grond genannt, firwat dass hien awer all Dag op d'Aarbecht packt. Et war d'Stäerkt vu senge Patientinnen, déi hien et packe gelooss hunn. Si hunn et gepackt, no all deem, wat si erlieft hunn, no all deenen Traumaen, awer weider ze liewen.
Duerch Auszeechnungen, déi hie bannent deene leschte Jore fir seng Aarbecht krut, krut e méi finanziell Ënnerstëtzung fir seng Aarbecht. Mä de Grond firwat dass e en Donneschdeg kee Skalpell am Grapp hat, mä an Europa souz, ass dass um Problem selwer nach ëmmer net vill geännert gouf.
Um Donneschdeg ass hien zu Lëtzebuerg fir eng Konferenz an der Philharmonie.
Rendez-vous hat hie virdrun ënnert anerem mat der groussherzoglecher Koppel, dem Premier, der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg an dem President vun der Chamber an hir war an der Maison de l'Europe.