An Zukunft soll den Entrepreneursgeescht am Enseignement Secondaire méi promovéiert ginn.

AUDIO: Entrepreneuriat am Secondaire/Reportage Annick Goerens

Dofir lancéieren den Educatiouns- an den Wirtschaftsministère vun nächstem September un een Pilot-Projet an 3 Lycéeën, déi sech domat méi een groussen Entrepreneurs-Profil wëlle ginn. Bei dësem Pilot-Projet geet et awer net nëmmen drëm, fir d'Schüler z'encouragéieren an den Entrepreneuriat eranzeklammen.

Mee d'Schüler sollen och besser op d'Erausfuerderunge vun der Zukunft preparéiert ginn a Fäegkeete léieren, déi se net nëmme kennen asetzen, fir eng Entreprise ze féieren oder ze grënnen, mee och fir op engem ëmmer méi volatillen Aarbechtsmarché kënnen eng Plaz ze fannen. An dofir muss och d'Schoul sech weider entwéckelen, erkläert den Educatiounsminister Claude Meisch. Et misst ee kreativ an autonom Jonker fannen, fir Risikoen anzegoen.

© RTL Télé Lëtzebuerg - Dominique Da Silva

Dëse Pilot-Projet gëtt vun internationalen Experte begleet an op 7èmen oder 10èmen an 3 verschiddene Lycéeën, nämlech dem Lycée Ermesinde zu Miersch, dem Lycée Technique zu Lalleng an dem Lycée technique école de commerce et de gestion an der Stad gestart. D'Lycéeën entscheede selwer, wéi si dat ëmsetzen. Dat wier keen neie Cours. Jonker géifen hautzedaags duerch d'Erfahrung léieren.

De Projet soll nächste September lancéiert ginn, bis dohi soll mat den Lycéeën, de Ministèren an de Responsabelen aus der Beruffswelt ee komplett pedagogescht Konzept ausgeschafft ginn.