D'LSAP start jo eng Campagne, déi d'Participatioun vu Fraen bei de Gemengewahle 2017 soll fuerderen.

Mir schummen eis net fir dëse Projet geschwënn ze presentéieren an dermat on Tour ze goen, seet d'LSAP-Deputéiert Cécile Hemmen iwwer d'Initiativ „Madame on Tour – Eng Posch mat villen Iddien. Et ass eng Campagne vum Comité vum Bezierk Zentrum vun der LSAP, där hir Presidentin si ass. Eng Campagne mat villen Argumenter, déi ee voller Freed giff ugoen an dat fir méi Fraen ze sensibiliséieren, sech an der Gemengepolitik z'engagéieren.

Um Internet gouf et wéinst dem Logo vill Kritik, well mat Clichéen geschafft gëtt: eng Posch, rosa, e Kussmond. D'Frae wäre keng „Poscheketten“, si hätten d'Iddien am Kapp, net an der Posch, sou eenzel Kritiken.

AUDIO: D'Cécile Hemmen

Et giff net ëm d'Posch u sech goen, äntwert d'Cécile Hemmen, mä ëm d'Iddien, déi kéinten dra sinn. Déi Clichéen missten net sinn, gëtt d'Cecile Hemmen zou, mä kéinten als e klenge Clin d'oeil gesi ginn.

AUDIO: D'Cécile Hemmen (2)

Madame on Tour geet mat engem Camper a mat der Posch voller Iddien bei d'Leit. E Samschdeg geet et lass, plus déi 3 Samschdeger no. De But wéi gesot, fir d'Fraen ze sensibiliséieren sech politesch z'engagéieren.