No der Entwécklungshëllef e Mëttwoch, dominéiert um Donneschdeg an der Chamber d'Méisproochegkeet an de Schoulen.

An dem Kontext ass eng Interpellatioun vum gréngen Deputéierte Claude Adam.

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet e Mëttwoch, am Virfeld vun dëser Interpellatioun an engem oppene Bréif drop higewisen, dass "Méi Franséisch" net "manner Lëtzebuergesch" bedeit, mä virun allem eng besser Virbereedung op d'Sproochsituatioun vun eisem Land. Och wann d'Regierung d'Kanner méi fréi mat der franséischer Sprooch wéilt familiariséieren, géif dat net heeschen, dass déi franséisch Sprooch hei am Land méi een héije Stellewäert soll kréien. Vill méi géif et drëms goen, dem Usproch vun der Gesellschaft zum Beispill um Niveau vun de Schoulprogrammer, oder awer de Rekrutementsprozedure beim Staat gerecht ze ginn, sou de Claude Meisch a sengem Schreiwes. Et sollt een iwwert eis Sprooch diskutéieren a kucken, wou se nach besser ka gefërdert ginn. Dobäi sollt een awer sachlech a korrekt bleiwen, betount den Educatiounsminister. Et dierft een och net vergiessen, dass mat Lëtzebuergesch eleng, eng gelongen Integratioun nach laang net garantéiert ass. Do géif virun allem Lëtzebuergesch an eng geliefte Méisproochegkeet hëllefen.


Nieft der Interpellatioun iwwert d'Méisproochegkeet steet e Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber ee Gesetzprojet um Programm, deen eng Fraequot vu 40% op de Lëschte bei de Chamber- a bei den Europawahle virgesäit. Och soll duerch dat Gesetz d'Paien-Egalitéit tëscht Männer a Fraen an d'Gesetz ageschriwwe ginn.

E leschte Gesetzprojet viséiert déi schoulesch Offer vum neie Lycée Edward Steichen, dee fir d'Rentrée 2018 soll seng Dieren zu Klierf opmaachen. Virgesi war just den ënneschten Niveau vum Technique. Eng Offer, déi elo completéiert gëtt, dat ënnert anerem och duerch eng Accueil-Struktur fir Schüler mat spezifesche Besoinen.

OPPENE BRÉIF VUM MINISTER CLAUDE MEISCH

Eis Sproochen: Kommt mir bleiwe bei de Fakten !

Et ass gutt, wa mir iwwert eis Sprooch schwätzen. Wéi mir se kënne fleegen. Iwwert se fuerschen. Se besser vermëttelen. Se am Alldag present halen. Se an der Schoul asetzen. Iwwert all dës Froe solle mir diskutéieren - emol méi, emol manner kontrovers. An dobäi kann een och sécherlech d'Bildungspolitik kritesch hannerfroen - déi vun haut, an déi aus de vergaangene Joren. Mir sollten awer bei de Fakte bleiwen, an eis op wëssenschaftlech Erkenntnisser baséieren.

An engem Pressecommuniqué vum 15. November, wiert sech d'Initiative "Wee 2050 - Nee 2015", nach emol géint déi geplangte méisproocheg Fréifërderung an de Crèchen, am Precoce an an der Spillschoul. Dobäi geet et jo drëms, d'Kanner ganz fréi mat deene Sproochen ze familiariséieren, déi fir de spéideren Erfolleg an der Schoul an am Liewen zu Lëtzebuerg vu grousser Wichtegkeet sinn.

Ech sinn erstaunt, wann ech do liesen "Bildungspolitik vum Minister Claude Meisch: manner Lëtzebuergesch, méi Franséisch". Déi Initiative iwwersäit, datt haut a ville Crèchë guer kee Lëtzebuergesch geschwat gëtt, an datt d'Regierung dat wëllt änneren. All Crèche muss vu September 2017 un op lëtzebuergesch-sproochegt Personal kënnen zeréckgräifen. A besonnesch déi Kanner, déi doheem eis Nationalsprooch net léieren, solle geziilt an der Lëtzebuerger Sprooch gefërdert ginn. Fir vill Kanner heescht dat vrun allem mol, datt se "méi Lëtzebuergesch" maachen ewéi bis ewell.

Jo, am Précoce an an der Spillschoul sollen d'Kanner e puer Aktivitéiten an der Woch op Franséisch maachen, fir esou op spilleresch Manéier e Gefill fir déi franséisch Sprooch ze kréien. Am Sangen, beim Virliesen, a Rollespiller. D'Virstellung, datt am Kapp nëmme begrenzt Plaz wier fir Sproochen, an datt wann ee méi Franséisch mat de Kanner schwätzt, deementspriechend manner Plaz fir d'Lëtzebuergescht géing iwwereg bleiwen, gëtt vun der Wëssenschaft kloer widderluecht. Mat enger qualitativ gudder Sproochefërderung kënne Kanner sech ganz fréi verschidde Sproochen uneegnen, ouni datt dat op Käschte vun enger vun de Sprooche geet. Dat ass net nëmmen den aktuelle Stand vun der Neurobiologie, dat erliewe mir all Dag a méisproochege Crèchen a Familljen.

Kommt mir vergläichen et emol mat der Beweegung an der Motorik vun eise Kanner. Géing et engem vun eis an de Sënn kommen ze soen, datt mir d'Kanner net dierfe schwamme léieren, well se soss op eng Kéier net méi lafen kéinten ? Neen, mir wëssen, datt eis Kanner esouwuel lafe wéi och schwamme musse kënnen, an hirem spéidere Liewen. A mir wëssen, datt mir beim Schwammen un der Motorik vum Kand schaffen an dat dem Kand och beim Lafen zegutt kënnt.

Bei de Sproochen ass et ewéi beim Sport. Doduerjer, datt mir d'Kanner mat ënnerschiddleche Sprooche familiariséieren, ginn hir Sproochkompetenzen insgesamt besser. Si sinn insgesamt méi fit an de Sproochen.

"Méi Franséisch" heescht also net "manner Lëtzebuergesch", mee vrun allem eng besser Virbereedung op d'Sproochesituatioun vun eisem Land.

An déi ass iwwer déi vergaange Joerzéngten e wichtegen Deel vun eiser Kultur. Lëtzebuergesch ass eis Nationalsprooch, an d'Däitscht an d'Franséischt sinn eis Haaptfriemsproochen.

An dat ass och gutt esou !  Wann d'Regierung d'Kanner méi fréi mat der franséischer Sprooch familiariséiere wëllt, heescht dat net, datt d'franséisch Sprooch hei am Land méi een héije Stellewäert soll kréien. Villméi wëlle mir dem Usproch besser gerecht ginn, deen zanter laangem an eise Schoulprogrammer, bei de Rekrutementsprozedure beim Staat, duerch d'Sproochegesetz definéiert ass. Grad dat ass jo awer den Optrag, deen e Educatiounsminister huet, Jonker esou auszebilden, datt se dem Usproch vun der Gesellschaft gerecht ginn.

Da gëtt an dem Communiqué d'Angscht verspreet, d'Kanner, vrun allem déi auslännesch Kanner, géifen duerch déi vill Sprooche "belaascht" ginn. Ewéi wa Kanner just am Precoce oder an der Spillschoul mat anere Sproochen a Kontakt kéimen. Se héiere verschidde Sproochen an der Famill, iwwert d'Medien, op der Spillplaz an am Schoulhaff, am Buttek a beim Dokter. A well se virwëlzeg sinn, wëlle se déi verschidde Sprooche verstoen. A grad dobäi solle mir eise Kanner hëllefen, amplaz se op eng artificiel Manéier vun anere Sproochen ewechzehalen.

D'Behaaptung vu "manner Lëtzebuergesch", léisst sech och wuel kaum duerch nei Optiounscoursen an der Lëtzebuerger Sprooch am Secondaire ënnermaueren, déi et alle Schüler soll erlaben, wa se da wëllen, eis Sprooch och schreiwen ze léieren. A bestëmmt och net doduerjer, datt mir bei enger Adaptatioun vum Privatschoulgesetz och den internationale Privatschoulen operleeën, Lëtzebuergeschcoursen unzebidden.

Kommt mir diskutéieren iwwert eis Sprooch, a kucken, wéi a wou mir se kënne besser fërderen. Mee kommt mir bleiwen dobäi sachlech a korrekt. A kommt mir vergiessen net, datt mat Lëtzebuergesch eleng eng gelongen Integratioun nach laang net garantéiert ass. Do hëlleft vrun allem Lëtzebuergesch an eng geliefte Méisprochegkeet.

Claude Meisch

Ministre de l’Éducation nationale,

de l’Enfance et de la Jeunesse