De 16. Januar 2017 soll et an der Chamber zu engem gemeinsamen Debat iwwert d'Rekordpetitioun 698 an iwwert d'Géigepetitioun 725 kommen.

D'Rekord-Petitioun 698 kritt Konkurrenz. D'Géigepetitioun 725 huet och de Quorum erreecht. Den Donneschdeg de Moien hate ronn 4.800 Leit um Chambersite ënnerschriwwen, fir datt d'Lëtzebuergescht NET éischt offiziell Sprooch soll ginn.

Wéi et ausgesäit, gëtt et fir béid Petitiounen ee gemeinsamen ëffentlechen Debat um Krautmaart.

AUDIO: Sproochepetitiounen: Reportage Pit Everling

Nei ass d'Situatioun net ganz. Am Oktober 2014 ware schonn emol 2 Petitiounen zesummegeklappt ginn. Deemools goung et ëm den Déiereschutz.

Beim Thema Sprooch gëtt elo och envisagéiert, de Petitionnairë vu béide Säite mateneen respektiv direkt noeneen d'Wuert ze ginn.

De President vun der zoustänneger Chamberkommissioun Marco Schank ass der Meenung, datt keen ze kuerz kënnt an datt de Pro an de Kontra et der Chamber grad erméiglecht, fir adequat Konklusiounen ze zéien: D'Argumenter géifen ausgetosch ginn, et géif kontradiktoresch diskutéiert ginn, dat wier gutt, och demokratesch gesinn.

Organisatoresch gesi géif et natierlech e puer Ännerunge ginn: D'Petitionnairë kéimen noeneen an et kéim zu enger Verduebelung vun der Zäit, déi virgesinn ass.

D'Petitiounskommissioun, déi den nächsten Dënschdeg beienee kënnt, mécht eng Propositioun. D'Conférence des Présidents decidéiert dann ... a wann et da wierklech zu engem gemeinsamen ëffentlechen Debat sollt kommen, missten d'Petitionnairen dat och egal wéi acceptéieren. D'Chamber wier do maassgebend.

Als Datum fir den ëffentlechen Debat iwwert d'Sprooch ass bis op Weideres de 16. Januar zeréckbehale ginn.

LÉIF USER,

Merci fir Ären Engagement hei am Forum. Mir stellen awer fest, datt den Toun ëmmer méi rau gëtt. Dat ass leider keen Novum, wann et ëm eis Sprooch geet ... firwat eigentlech? Éier een zu falsche Schlëss kënnt an zum Deel krass Ënnerstellungen eraschéckt, wier et gutt, sech z'informéieren, fir "en connaissance de cause", ups, dat war elo franséisch, ze kommentéieren. Dofir w.e.g. de Reportage mat den Argumenter lauschteren an och genee kucken, wat de But vun der neier Petitioun ass.

Mir kruten effektiv scho Commentairen erageschéckt, an deenen eeschthaft behaapt gëtt, zu Lëtzebuerg dierft ee seng Sprooch net méi schwätzen, a wou voller Haass op déi Petitionnairen an op en "en français s.v.p." reagéiert gëtt. Dat muss jo wierklech net sinn! An dorëm geet et jo och net an de Petitiounen. Dofir w.e.g. informéieren an nuancéieren an op onzoulässeg Verallgemengerungen a falsch Ënnerstellunge verzichten.

Doduerch kritt Äre Commentaire ëm esou méi Valeur. Wa schonn am éischte Saz alles an een Dëppe geheit gëtt, seet dat dacks scho vill aus ... Als klenge Rappell, hei eis Spillreegelen:

http://www.rtl.lu/disclaimer_forum/

Merci am Viraus!

Bescht Gréiss an e schéinen Owend

d'Equipe vun RTL.lu