Rulljen
VIDEO: Grousst Feier an enger Scheier
Rulljen: Schéier a Brand (29. November 2016)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Um Dënschdeg den Owend koum et zu Rulljen, bei Wolz, zu engem grousse Feier. D'Rettungsdéngschter, souwéi d'Police, sinn op der Plaz.
Géint 19.34 Auer ass d'Feier zu Rulljen, net wäit vu Wolz ewech ausgebrach. Hei stoung eng Scheier, wou gedréchent Fudder fir d'Béischte gelagert gëtt, a Flamen.
Bei dësem Tëschefall gouf keng Persoun blesséiert.
Eng 40 Pompjeeë ware mat 9 Ween am Asaz, dat vu Wolz, Eeschwëller an aus der Stauséigemeng.
Grousst Feier zu Rulljen
Hei stoung eng Scheier, wou gedréchent Fudder fir d'Béischte gelagert gëtt, a Flamen.
Am meeschte gelies