Nëmme Reaktioun a keng Aktioun, esou d'Stater CSV um Méindeg de Mueren iwwert d'Budgetspolitik vun der Stad Lëtzebuerg, un deeër si kee gutt Hoer léisst.

AUDIO: CSV iwwert de Stater Budget / Reportage Nico Graf

Ze vill Chantieren, ze vill Verkéier, ze vill Aarbechtsplazen, ze vill Scholden, esou huet et geklonge bei der CSV oder och: net genuch Wunnengen, net genuch Planifikatioun a Koordinatioun bei de Chantieren, net genuch Liewensqualitéit, net genuch Revenuen à long terme.

Wéi se et och gedréit huet, eppes Guddes huet d' CSV net un der Budgetspolitik vun der Gemeng gelooss. Absence Trafic a Chantieren, leien der Martine Stein-Mergen schwéier um Mo: Mir hunn also e Mobilitéitsschäffen an der Stad, deen huet hei Verantwortung ze droen an e soll dat och endlech maachen. De Moment, ass d'Madame Tonson wuel éischter en Immobilitéitsschäffen. D'Madame Polfer seet ëmmer erëm, dass eng Stad an der gebaut gëtt, eng Stad ass déi lieft. Mir hunn awer de Moment éischter d'Impressioun, dee gefillte Chaos all Dag, ëmmer Mueres an Owes, mir hu quasi eng Stousszäit, eng Haaptverkéierszäit, déi geet Moies um 7 Auer un an ass Owes um 7 Auer erëm eriwwer. Also, mir hunn d'Impressioun, dass d'Stad am gaangen ass er erstécken.

D'Martine Stein-Mergen sot selwer, d'Zuelen, dat wier net esou Hires. D'Zuelen huet sech duerfir de François George virgeholl, dee Recetten an Depense verglach huet. Conclusioun a Warnung: Mir steieren also op en Defizit duer vu 84 Milliounen. Et ass elo dat zweet Joer, hannert eneen, dass mer e groussen Defizit erliewen. Dat lescht Joer, war et schonn ee vun 103 Milliounen a mir zapen also un eise Reserven an dat ass geféierlech. D'Stad hat virun 2 Joer nach 470 Milliounen am fond de réserve a 438 Milliounen an den excédents reportés, also en total vu 908 Millioune Reserven. Dovunner wäert no deenen hei zwee Joer, 2016 an 2017, nach 720 Milliounen iwwreg sinn. Dozou muss der virun Aen halen, dass de Schäfferot scho fir eng Milliard Projete votéiert huet. Also Geld, wat mer iwwerhaapt nach net hunn, ass elo schonn affektéiert. 

Staark Wieder och beim Serge Wilmes: Dee Schäfferot, dee net méi op der Héicht ass vum Wuesstem vun dëser Stad, deen dem just hannendru leeft a wat ass d'Ursaach wat ass d'Konsequenz, ass dass d'Stad ëmmer méi en Affer gëtt vun dësem Schäfferot.

Eng konkret Piste hunn se bei der CSV gewisen: d'Stad misst formell an, organiséiert mat de Nopeschgemengen, kooperéiere fir de Chaos an de Grëff ze kréien.