Um Stater Geriicht gouf en héije Fonctionnaire aus engem wichtege Ministère an 2. Instanz zu enger Prisongsstrof vun 2 Joer mat Sursis veruerteelt.

D'Oplo vum Sursis probatoire ass déi, dass hie sech psychiatresch behandele léisst. Donieft muss hie 1.500 € Geldstrof an der Partie civile 2.650 € Schuedenersatz bezuelen.

De Condamnéierten hat tëscht Mee 2013 a Mäerz 2014 zu Esch eng Fra harceléiert a se ë.a. och ugegraff; am September an am November 2013 an am Januar 2014 hat hie si och geschloen.