Déi 4 jonk Männer wollten zejoert, um Virowend vun Nationalfeierdag, eng nei Versioun vun der Nationalhymn virun d'Trape vun der Philharmonie schreiwen.

4 Mol eng Geldstrof vun 200 €: Dat ass d’Strof, zu där um Méindeg de Moien um Policegeriicht an der Stad 4 Membere vum Kënschtler-Kollektiv Richtung 22 veruerteelt goufen.

D’Riichterin huet d’Geldstrof villméi fir d’Infractioun vum Beschmotze gesprach; dobäi hat fir d’Vertriederin vum Parquet, wéi si an der Sëtzung am Dezember sot, eng Degradatioun virgeleeën, well d’Philharmonie hiren Eclat ewechgeholl kritt hätt. Wéinst der Visibilitéit vun hirem Message, dee bis d’Zeremonie, den Dag drop, hale sollt, stéingen d’Ugeklote viru Geriicht, hat de Parquet betount. Soulaang een e krit, géif all Auteur vun engem Graffiti verfollegt ginn, hat et nach am Requisitoire geheescht; dobäi hätt een et an dësem Fall mat Kräid ze di gehat, déi vläicht eng Woch sollt halen. Et wär zur Degradatioun, d.h. zum Ewechhuele vum Objet sengem Eclat, komm, an dofir sollte Geldstrofe gesprach ginn, hat d’Vertriederin vum Parquet argumentéiert.

Ganz anescht hat dat d’Affekotin vun de Beschëllegte gesinn! Sou eng Kräidmolerei kéint fir si keng Degradatioun duerstellen, hat d’Me Laura Urbany erkläert; bis d’Sëtzung wär och net kloer gewiescht, wouran d’Degradatioun dann an den Ae vum Parquet bestanen hätt, ier ee gewuer gi wär, dass d’Plaz duerch déi Aktioun u Wäert verluer hätt.

Duerch eng Expertise doriwwer, wéi Kräid ofgeet, Expertise, déi de Parquet am September gefrot hat, wär bewise ginn, dass d’Kräid mat Waasser ewech geet, wourop d’Vertriederin vum Parquet geäntwert hat: “Awer net direkt, well et waren nach Deeg drop Spueren do!” Virum Policegeriicht géifen hir Clienten eben eng Geldstrof riskéieren, sou nach d’Affekotin; wär awer ee vun hinne virbestrooft gewiescht, wär et op de Correctionnel gaangen. Et géifen net vill sou Affäre verfollegt ginn, obwuel dacks géif mat Kräid op Stroosse gemoolt ginn; hei wären d’Faiten net contestéiert an hätt et nëmmen en indirekte Schued ginn. Dee wär iwwregens vun de Pompjeeë veruersaacht ginn, déi op d’Plaz koumen, fir d’Geschreifs ofzemaachen, soudass déi 4 Ugekloten net fir e Schued, dee se net gemaach hätten, ze veruerteele wären an deemno sollte fräigesprach ginn. Op dee Wee ass d’Riichterin allerdéngs net gaangen.

Hei nach emol de ganzen Artikel vun deemools:

AUDIO: Richtung 22 viru Geriicht: Reportage Eric Ewald

Ee vun de Beschëllegten, de Lars Schmitz vu Richtung22, huet no där kuerzer Sëtzung scho mat Spannung op dës Expertise gewaart: "'t schéngt wéi wann um Parquet souwéi beim Geriicht déi Zäit, wou se nach mat Kräid op der Strooss gemoolt hunn, esou laang zeréckläit, datt elo tatsächlech de Besoin besteet, fir nach eemol wierklech nozekucken, wat dat fir eng Matière ass."

AUDIO: De Lars Schmit vu Richtung 22 iwwert d'Kräid-Fro

De jonke Mann, deen hofft, laanscht eng Prisongsstrof ze kommen, huet op eng Solidaritéitsaktioun, e leschte Freiden, am Mat-Kräid-Mole verwisen. Eng 40 Leit hätte virun de Rotondë matgemaach; d'Police wär awer och do gewiescht an hätt bei de Rotonden ugeruff gehat, fir do quasi unzebidden, d'Plaz ze raumen ...

De Lars Schmitz huet drun erënnert, dass et zejoert kuerz nom Referendum zu där Aktioun bei der Philharmonie koum; et hätt een d'Resultater dovun an de Kontext vun Nationalfeierdag setze wëllen, mat Froe ronderëm Natioun, Nationalitéit a Matbestëmmungsrecht. Et wär een awer schlecht organiséiert an d'Police schonn do gewiescht. An dëser Affär géif et ëm d'Fro goen, wéi wäit d'Konschtfräiheet geet, bis ee Stopp seet; sou géif sech hannert enger Lappalie eng grouss Froestellung verstoppen.

Fir d'Affekotin vun den Ugekloten ass et e gutt Zeechen, dass de Parquet elo kuckt, ob deemools e Schued virloung, quitte dass een d'Affär haut gär geholl hätt, "mä et kann eis nëmmen hëllefen, datt elo och nach eng Expertise feststellt, datt effektiv och Kräid, déi gesprayt ass, vun eleng ofgeet mat Witterung, vläit net déi éischt Hallefstonn ..." U sech wier dat elo zu hirem Virdeel.

D'Me Laura Urbany weess allerdéngs net, wat de Parquet zum Zil huet: Geet et drëm, datt d'Saach seriö gekuckt gouf? Si hofft, awer, datt derbäi erauskënnt, datt keng Degradatioun virläit ...

Wann déi Expertise bis gemaach wär, léichen all d'Elementer um Dësch, soudass e Méindeg de Moien näischt Falsches geschitt wär, sou d'Affekotin vun de Beschëllegten.

Prozess géint Richtung 22
Haut huet de Prozess géint Membere vum Kënschtler-Kollektiv Richtung 22 ugefaange well si mat Kräid op de Buedem virun der Philharmonie gemoolt haten.