Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moien um kuerz no 8 Auer war de Max Hahn, de President vun der zoustänneger Chamberkommissioun.

Am Virfeld vun der Logement-Debatt um Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber gouf mat den Acteure vum Terrain geschwat, fir ze kucken, wou de Schong dréckt. Dat sot de President vun der zoustänneger Chamberkommissioun Max Hahn.

D'Problematik kann net mat enger grousser Mesure geléist ginn, mä et sollt een enger ganzer Rëtsch méi klenge Pisten nogoen. Ënner anerem wier ee Problem deen, datt Unitéite gebaut ginn, déi par Rapport zu de Besoinen ze grouss sinn.

Datt och déi aktuell Dräierkoalitioun kee Rezept gehat hätt, fir d'Logement-Problematik unzegoen, wëll de Max Hahn net esou gëlle loossen.

Déi zwee ëffentlech Promoteure géingen dräi mol souvill bauen an et wieren nach vill konkret Projeten an der Pipeline.

Bis 2019 ginn 20'000 zousätzlech Wunnunitéite geschafen, dat sinn der 6.500 d'Joer, duebel sou vill wéi bis ewell, seet de Max Hahn.

D'Logementsproblematik wier de groussen Challenge, seet de Max Hahn, mä mat ville klenge Schrëtt kéint een eppes bewierken.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Max Hahn

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.