De Nintendo-Phänomen, deen iwwerall fir grouss Opreegung suergt, ass elo och ganz offiziell zu Lëtzebuerg ze kréien.

Zanter dem leschte Joerzéngt gesäit een ëmmer méi Leit mam Smartphone virun der Nues duerch d'Géigend trëppelen, gutt méiglech, datt dat deemnächst nach zouhëlt. Den Nintendo-Phänomen „Pokemon Go“ ass nämlech elo net nëmmen an Europa ze kréien, mä och hei zu Lëtzebuerg.

Bei de Pokemonen handelt et sech em Kreature mat ënnerschiddleche Caractéristiquen, déi mir schonns an den 90er-Jore kennegeléiert hunn. Zu dëser Zäit ass d'Spill haaptsächlech mat Kaarten oder op Konsole gespillt ginn.

Als éischt Land ass et Däitschland, wou ee sech dës APP vum Reality Game konnt eroflueden – ee Spill, dat Nintendo alleng an den USA all Dag 1,6 Milliounen Dollar an d'Keese spullt. Wat aus dem Spill e reelle Welt-Hit mécht, ass dat harmonescht Zesummespill vun virtueller an reeller Welt. Offiziell ass d'Software eloalso och hei am Land ze kréien.
 
Zwësche Spaass an Accidenter

Op enger anerer Säit sinn Artikelen, an deene beschriwwen gëtt, wéi et zu engem méi oder wéineger schlëmmen Accidenter koum, well d'Fänke vun engem Pokemon d'Persoun an eng prekär Situatioun gefouert huet, net seelen. An engem hollännesche Spidol koum et dozou, datt Gruppe vun Leit duerch de Steriliséier-Raum vum Spidol spadséiert sinn, well op der App ugewise gouf, ee Pokemon géing sech an deem Raum befannen. D'Explikatioun dofir, dass e puer Pokemone sech op éischter prekär Plaze befannen, ass, dass de Fonctionnement vum Spill haaptsächlech op de "Pokespots" baséiert. Déi plazéieren déi verschidde Pokemonen en Fonction vun hire Caractéristiquen, ob et sech zum Beispill éischter ëm eng Waasserkreatur oder éischter ee Land-Pokemon handelt.

Dobäi kënnt, dass et laut villen amerikanesche Sourcen och zu Autosaccidenter koum, well d'Leit méi beschäftegt domattem waren ze kucken, ob et eventuell Pokemonen op der Plaz ginn, wéi sech mam Auto Fueren ze beschäftegen. Eng eventuell Léisung fir dëse Problem soll Enn Juli lancéiert ginn. Bei der neier Devise, Pokemon Go Plus, handelt et sech ëm een Aarmband, dat erméiglecht, a permanenter Connectioun mam Pokemon-Go-Programm ze sinn, och wann ee grad net d'Nues virum Smartphone huet. Soubal sech ee Pokemon an der Géigend befënnt, vibréiert de Bracelet.

RTL

Och zu Lëtzebuerg gouf et schonn deen een oder aneren Incident.

Den Hype ass net onëmstridden

Nom Opkomme vum Welt-Hit kommen ëmmer erëm déi selwecht Froen op: "Favoriséiert d'Pokemon Go Software d'Interaktioun vun de Bierger mat der Natur? Wäerten se, fir eventuell Pokemone ze fänken, erëm méi an d'Natur goen respektiv méi trëppelen? Wat déi Jugendlech aus dem Land betrëfft, kommen all méiglech Äntwerten op. D'Minoritéit rechent net domat, d'App eng Kéier ze benotzen. Anerer soen dann, se géinge reegelméisseg, soubal se dobaussen sinn, kucken, ob sech zoufälleg ee Pokemon an hirer Géigend befënnt. D'Majoritéit vun de Befrotenen sinn awer der Meenung, si an hir Kollege géingen méi eraus goen, laang Weeër trëppelen, aner Leit ënnerwee begéinen, déi och op der Sich sinn, a sou och Diskussioune mat hinne féieren.

Laut dem Erni N. vun Esch wäert d'App sech positiv op d'Bierger auswierken: ,,D'Leit ginn eventuell och Plaze besichen, déi se nach net kannt hunn, well se op der Ap an hirer Kaart gesinn hunn, dass sech do ee Pokemon befënnt." De Max S. vu Rëmeleng: "Also ech sinn elo säit ech d'APP hunn, nach méi motivéiert wei virdrun, fir virun d'Dier ze goen, ee Kolleg an ech si gëschter souguer Ëmweeër gaang, fir ee Pokemon ze fänken."