De Massaker vum Gefaangenelager Sonnenburg ass de gréisste Massemord vu Lëtzebuerger Deserteuren a Refraktären an der Endphase vum zweete Weltkrich.

AUDIO: Gedenken u Sonnenburg / Reportage Anne-Sophie Heck

Nëmmen e puer Woche virum Enn vum zweete Weltkrich goufen am Gefaangenelager vu Sonnenburg, dem haitege Slonsk a Polen, iwwer 800 Gefaangener ënnert dem Kommando vun der SS erschoss. Dorënner waren och 91 jonk Lëtzebuerger, déi sech der Zwangsrekrutéierung widdersat haten. Den 30 Januar, um Joresdag vum Massemord, muss ee sech un d'Affer erënneren, virun allem awer muss d'Jugend iwwer d'Krichsverbriechen opgekläert ginn, sou de Vincent Fally, President vun der Amicale Albert Ungeheuer, d'Associatioun vun de Wehrmachtsdeserteuren.

Et ass wichteg, déi jonk Leit op e ganz tragesche Moment vun eiser nationaler Geschicht hinzeweisen. An domadder awer och op d'Geforen, déi verschidden Iddien an Zukunft kënne mat sech bréngen.

D'Gedenkfeier gouf net fir näischt an engem Lycée organiséiert. D'Schüler hunn aktiv bei der Zeremonie matgemaach, an de Pierre Stockreiser, Direkter vum Wëltzer Lycée seet, et wier wichteg, d'Schüler duerch sou Evenementer mat der Vergaangenheet a mat der Aktualitéit ze konfrontéieren. Et goufe während der Zeremonie ëmmer nees Brécken gebaut, tëscht der Vergaangenheet, der Zukunft awer och leider der Aktualitéit. Et ass och wichteg, fir déi richteg Léieren aus der Vergaangenheet ze zéien, sou hiren Direkter.

An de Message ass och bei de Schüler ukomm. Déi Meescht vun hinnen hu virdrun nach näischt vum Massaker gewosst, se sinn awer frou, grad elo doriwwer informéiert ze ginn.

Nieft de Riede ronderëm de Massaker vu Sonnenburg sinn och d'Wierder Europa, Populismus a Mënscherechter gefall. An deem Zesummenhang wier et wichteg, sech un d'Verbrieche vum zweete Weltkrich ze erënneren, virun allem, fir datt déi sech net solle widderhuelen.