E Mëttwoch de Moien kuerz virun 10 Auer, ass de portugisesche Premier vum Premier Xavier Bettel op der Clairefontaine-Plaz an Ëmfang geholl ginn.

Portugal a Lëtzebuerg: eng déif Frëndschaft.
Visite vum Portugisesche Premier Antonio Costa Haut hei am Land. Geleeënheet fir d'Relatiounen weider ze verdéiwen. D'Integratioun ze stäerken.

Bei iwwer 90.000 Awunner mat der portugiesescher Nationalitéit hei zu Lëtzebuerg, hätt ee sech vläicht kéinten e bësse méi Leit virstellen, déi sech fir déi offiziell Visite vum portugisesche Premier António Costa interesséiert hätten. E Mëttwoch de Moien kuerz virun 10 Auer ass den António Costa vum Premier Xavier Bettel op der Clairefontaine-Plaz an Ëmfang geholl ginn. An dee war immens häerzlech.

AUDIO: António Costa op Visite zu Lëtzebuerg / Nadine Gauti

Béid Politiker hu sech excellent verstanen an hunn dat no bausse versicht ze vermëttelen, et gouf gelaacht, et goufe Witzer gemaach. Domadder wollt ee ganz kloer weisen, wéi déif d’Frëndschaft tëscht dem Grand-Duché a Portugal ass.

RTL

© RTL Radio Lëtzebuerg/Nadine Gautier

Allerdéngs ware wierklech net vill, déi de Wee bis op d’Clairefontaine-Plaz fonnt haten. Et hätt ee se op e bësse méi wéi enger Hand kéinten ofzielen. An da war och nach deen een oder aneren duerch Zoufall do laanscht getrëppelt a stoe bliwwen.

Herno goung et fir den António Costa an de Palais, wou e Rendez-vous mam Grand-Duc Henri geplangt war. Op sengem Wee an de Palais hat sech et de portugisesche Premier awer net huele gelooss, fir mat de Leit dat eent oder anert Wuert auszetauschen. Ee kuerze Stopp deemno um Chantier direkt nieft der Chamber an der Waassergaass, fir mat zwee Aarbechter ze schwätzen. „Hu mir nach eng Minutt“ huet et dann virum engem Café virum Palais vum António Costa geheescht, dee mat Elan op d’Leit op der Terrasse zougaangen ass.

RTL

© RTL Radio Lëtzebuerg/Nadine Gautier

Portugal huet sech déi lescht Joren aus enger déiwer Kris erausgerappt kritt. De Budgetsdefizit wier zum Beispill reduzéiert ginn an d’Economie wier capabel sech ze moderniséieren an Aarbechtsplazen ze schafen. Den Ament wier d'Land un engem Wendepunkt ukomm. A grad elo misst een dofir mat neiem Elan nees urappen, och wat d'EU ugeet. Hei misst ee sech fir ee méi solidarescht Europa asetzen. Dat sot de portugisesche Premier Antonio Costa no enger perséinlecher Entrevue mat sengem Lëtzebuerger Homolog.

AUDIO: Den António Costa

Et wéilt een ee staarkt Europa opbauen, an dat mat senge Partner. Fir Portugal ass et do virop mat Lëtzebuerg, mat deem ee gutt Relatiounen huet. Wat de Brexit ugeet, esou war een sech, datt d’Scheedung vu Groussbritannien net als Strof soll ugesi ginn, mä et géif ee sech awer och net vun de Britten op der Nues ronderëm danze loossen.

AUDIO: De Xavier Bettel

Et wëll ee konstruktiv Gespréicher, do hat sech den António Costa sech sengem Lëtzebuerger Homolog ugeschloss. Fir hie steet awer fest: D’Resultater, déi bei de Negociatiounen um Enn erauskommen, si méi wichteg wéi d’Zäit, déi een dofir gebraucht huet.

Le Fonds national de la recherche Luxembourg et la Fondation portugaise pour la science et la technologie renforcent leur collaboration pour le développement de projets de recherche communs (05.04.2017)

Communiqué par: Fonds national de la recherche

 

Le mercredi 5 avril 2017, le Fonds national de la recherche (FNR) a signé un protocole d’accord avec la Fondation portugaise pour la science et la technologie (FCT). La signature de l’accord s’est déroulée en présence des premiers ministres des deux pays, António Costa et Xavier Bettel.

Cet accord a pour objectif de favoriser la collaboration scientifique entre les deux nations, qui d’ailleurs estiment que la façon la plus efficace d’obtenir la meilleure recherche, est de collaborer avec les meilleurs chercheurs à l’étranger. Grâce à cet accord, des équipes de scientifiques luxembourgeois et portugais mèneront des projets de recherche conjoints dans les domaines définis d’un commun accord entre les deux agences nationales de financement:

  • Sciences des matériaux;
  • L’innovation dans les services;
  • Gestion durable des ressources;
  • Sciences biomédicales et de la santé;
  • Enjeux sociétaux.

Le FNR sera l’organisme responsable de cette coopération bilatérale, ce qui signifie que toutes les demandes de financement devront être soumises et évaluées par celui-ci. Néanmoins, toutes les décisions de financement seront prises d’un commun accord entre les deux organismes. En cas d’approbation, le FNR et le FCT procèderont respectivement au financement des composants luxembourgeois et portugais du projet accepté, conformément à leurs pratiques financières existantes.  

Dr Marc Schiltz, secrétaire général du FNR, déclarait lors de la cérémonie de signature que le FNR est ravi de pouvoir soutenir des chercheurs luxembourgeois s’associant à d’excellents scientifiques du Portugal, d’autant plus que des liens forts existent déjà depuis plusieurs décennies entre les deux pays et ils seront dès à présent étendus à la science et à la recherche, par exemple, dans le domaine spatial où les deux pays voient un grand potentiel.   

Dr Paulo Ferrão, président du comité de direction du FCT, se réjouit de collaborer avec le FNR pour soutenir la recherche conjointe entre le Portugal et le Luxembourg, offrant ainsi aux groupes de recherche la possibilité de renforcer des liens étroits déjà existants entre les deux pays et générant un impact socio-économique significatif.