Wat geschitt mat der Fëscherei am Kader vum neie Déiereschutzgesetz? Déi Fro wërft de President vun der Fëscherfederatioun Jos Scheuer am RTL-Interview op.

Dëst am Kontext vun der Emissioun Background am Gespréich vum leschte Samschdeg op RTL Radio Lëtzebuerg.

E seet sech déif besuergt, wéi et mat der Fëscherei kéint weider goen, wann den Text bis an d'Realitéit ëmgesat gëtt.

Effektiv steet mam neie geplangten Déiereschutzgesetz och d'Fro am Raum, op et sech ëm Déierequälerei handelt wa Fësch gefaangen an duerno erëm zréck an d'Waasser gesat ginn, sou wéi dat bei Concoursen üblech ass. De President vun der Fëscherfederatioun gesäit dat ganzt kritesch a fäert carrement ëm d'Zukunft vun der Fëscherei zu Lëtzebuerg. Déi Fësch géife mat ganze klenge Kreep gefaange ginn, géifen a Netzer gehalen an da ganz schounend zeréckgesat ginn. Wann dat Déierequälerei wier, da kéint een d'Fëscherei zu Lëtzebuerg vergiessen, an net nëmmen d'Concoursfëschen. Et  géif drop erauslafen, dass d'Fëscherei definitiv verbuede gëtt, an dat kéint net sinn, sou nach de Jos Scheuer.

AUDIO: De Jos Scheuer am RTL-Interview

Duerfir misst d'Kadergesetz geännert ginn. Den Text misst e gefleegten Ëmgang mat den Déieren an der Natur zouloossen, ouni direkt als Déierquäler ofgestempelt ze ginn.