D'ACEL huet sech intensiv mat der Etude befaasst. Am Avis setzt ee sech kritesch mat den Iwwerleeunge vum amerikanesche Fuerscher auserneen.

D‘Studentenorganisatioun ACEL gouf vun der Regierung gefrot, en Avis iwwert d‘Rifkin Etude ofzeginn. Deemno gesinn d‘Studente Digitaliseierungs-Strategie vun der Regierung nawell ganz kritesch. Et dierft een dës nämlech net einfach blann toleréieren an et dierft een och Jonken net vermëttelen, datt et elo nëmmen nach een Domaine gëtt an deem een eng Zukunft zu Lëtzebuerg hätt.

An der Schlussfolgerung schreift d’ACEL, datt d’Rifkin Etude zimlech iwwerflächlech wier an ënnert anerem d’ Prognose iwwert den Ee-Milliounen-Awunnerstaat gewot wieren.

De Pierre Weimerskirch mam Detail.