Wéi responsabel gitt dir mat ärem Offall ëm? Geheit dir ëmmer alles an déi richteg Poubelle, an net einfach esou op d'Strooss oder an d'Natur?

Dëser Deeg war den Edmund Platt hei zu Lëtzebuerg. D'Propretéit vun eisem Planéit läit dem Englänner um Häerz. Duerfir huet hie virun zwee Joer d'Associatioun "Un Déchet par Jour" an d'Liewe geruff. Zil ass et, fir d'Mënschen ze sensibiliséieren an d'Gesellschaft op d'Verschmotzung vun eisem Planéit opmierksam ze maachen.

Als Beispill hat de Platt op de Stroossen ronderëm de Knuedler zesumme mat enger zesummegetrommelter Equipe a kierzter Zäit ganz vill Knascht opgeraf.

E Reportage vum Christophe Hochard.