Honnerte vu Leit hu sech um internationalen Dag géint d'Gewalt géintiwwer vu Frae versammelt, fir vum Glacis bis bei d'Chamber ze marschéieren.

AUDIO: Marche Orange/Reportage Sandra Schmit

Weltwäit si 35% vun de Frae schonn emol Affer vu Gewalt ginn - sief et Gewalt, déi vum Partner ausgeet oder sexuell Gewalt ausserhalb vun enger Bezéiung.

Um Samschdeg, um internationalen Dag géint d'Violence géintiwwer vu Fraen a Meedercher, gëtt op der ganzer Welt op dëse Problem sensibiliséiert.

"Nee" zur Gewalt géint Fraen
Als Zeeche vu Solidaritéit géintiwwer vu Betraffnenen hu sech eng Honnert Leit versammelt fir zesummen géint Gewalt ze marschéieren.

66 Mol pro Mound gëtt zu Lëtzebuerg wéinst Gewalt am Stot d'Police geruff. Dogéint wollt den Zonta Club Lëtzebuerg zesumme mam Chancëgläichheetsministère en Zeeche setzen an huet fir d'Marche Orange opgeruff. Ronn 300 Léit hunn sech dofir um Glacis getraff.

De Cortège war den Ofschloss vun der „Orange Week“, déi den Public fir d'Thema Gewalt sensibiliséiere well. Lëtzebuerg war dëst Joer fir d'éischt en Deel vun dësem Mouvement, deen 2008 vun den Vereenten Natiounen an d'Liewe geruff gouf.