No der Ried iwwert d'Lag vun der Natioun vum Premierminister Xavier Bettel war et e Mëttwoch un den Debatten um Krautmaart.

De Claude Wiseler huet e Mëttwoch als éischte Riedner an den Debatten iwwert d'Lag vun der Natioun e Bild iwwert déi partiell Situatioun am Land gezeechent, iwwert déi Aarbecht, déi an de leschte Jore gemaach gouf an iwwert déi politesch Noutwendegkeeten, iwwert d'Erausfuerderunge virun deene Lëtzebuerg, an den Ae vun der CSV, steet.

Fir de Wuelstand z'erhalen, wier et evident, datt ee Wuesstem bräicht, huet de Claude Wiseler ënnerstrach. Dee Wuesstem wier allerdéngs den Ament en demographesche Wuesstem an et misst een oppassen, datt déi negativ Konsequenzen, déi ee bei engem demographesche Wuesstem hätt, net méi staark si wéi déi positiv Konsequenzen, déi ee bei engem klassesche Wuesstem hätt.

RTL

De Wuesstem misst also begleet ginn ... wéi d'CSV sech dat virstellt huet de Claude Wiseler a senger Ried duergeluecht. Ee grousst Kapitel war, wéi d'Land sech organisatoresch, administrativ muss opstellen an do huet de Fraktiounschef vun deene chrëschtlech soziale virop ënnerstrach, datt Lëtzebuerg an den nächste Joren eng nei Verfassung brauch...

AUDIO: De Claude Wiseler / CSV

D'CSV ass dofir, datt no den Europawalen e Referendum iwwert d'Verfassung gemaach gëtt. Fir de Wuesstem esou ze maitriséieren wéi dat muss sinn, bräicht d'Land awer och staark Gemengen...eng Territorialreform, déi d'Zuel vun de Gemengen op 60 géif erofsetzen.

AUDIO: De Claude Wiseler / CSV (2)

Déi sougenannte Fusiounskaart soll dann 2029 Realitéit ginn. Parallel schléit d'CSV vun deem Datum un och e professionelle Buergermeeschter an d'Trennung vum Mandat vu Buergermeeschter an Deputéierte vir. De Claude Wiseler huet a senger Ried dann och de Logement thematiséiert, e Sujet, dee vill Leit en Dënschdeg an der Deklaratioun vum Premier vermësst hunn.

Hien huet 10 Punkten opgezielt, déi kuerzfristeg misste realiséiert ginn. De Claude Wiseler huet eng ganz Partie weider Erausfuerderungen opgezielt a Propose gemaach, zum Beispill am Beräich vun der Mobilitéit, wou méi misst an de Stroossebau investéiert ginn, am Beräich vun der Gesondheet, wou d'CSV ënnert anerem den Ausbau vun de Maisons médicales ënnerstëtzt, am Beräich vun der Familljepolitik an an der Sécherheetspolitik.

RTL

Genee wéi de Claude Wiseler huet och ewell den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry en éischten Abléck an de Wahlprogramm vu senger Partei ginn. Anescht ass et net ze deiten, datt d'LSAP annoncéiert huet, datt weider gezillt steierlech Mesuren nach duerchaus missten dra sinn, sou datt dovunner och misste Monoparentauxen a Wittleit kënne profitéieren. D'Stock-Options misste via Gesetz nei gereegelt ginn an e Fréckelen um Indexsystem kéim fir d'Sozialisten net a Fro, sou den Alex Bodry, deen sech dann och net wëll alles schlecht riede loossen duerch d'CSV, déi fir aner Valeure géif stoen. De normale Rhythmus vun der CSV wier net d'Beweegung oder d'Handelen, mee éischter d'Bremsen an d'Studéieren. E fundamentale Paradigme-Wiessel an der Politik gouf et ënnert der Regierung zënter 2013 manner, dofir awer grouss Changementer wat de Rhythmus vun der politescher Aarbecht betrëfft. Virun allem dat hätt nämlech an der Vergaangenheet, virun allem an der Legislaturperiode virun der momentaner Regierung gefeelt. Dëst wier dem Alex Bodry och mat de Grond gewiescht, wisou d'Regierung an d'Bréch gaangen ass.

AUDIO: Den Alex Bodry / LSAP
RTL

Vu politeschem Stëllstand kéint dem Alex Bodry no net Rieds goen, au contraire, den Elan vu Gambia géif weidergoen, woubäi d'CSV sech duerch e "flou artistique" u Gesetzes-Propositioune géif ervir dinn. De Spuerpak vun der viregter CSV-LSAP-Regierung huet den Alex Bodry als Feeler bezeechent. Duerfir dierft sech d'Regierungskoalitiounen absënns an der Finanzpolitik net alles schwaarz riede loossen... D'"Seefeblos" déi vun der CSV opgeblose wier, wier elo geplatzt, e Gespenst vun enger Regierung déi onfäeg wier ze regéieren, virun allem a Finanzfroen, wier gestuerwen.

AUDIO: D'Seefeblos vun der CSV ass geplatzt

Wuesstem ass fir d'LSAP kee Selbstzweck, mee der Partei geet et vrun allem ëm d'Ëmverdeelung. 2019 misst duerfir och de Mindestloun konsequent ugepasst ginn, sou eng Fuerderung, déi sech dann och wuel wäert am sozialistesche Wahlprogramm erëm fannen.

Dann en Appell un d'CSV wat d'nei Verfassung ugeet: "Wann der d'accord sidd mam Text, firwat sidd der dann net elo bereet alles an d'Prozeduren eraginn, fir datt de Referendum ka festgeluecht ginn...?!" De Claude Wiseler wëll dann och do drop reagéieren.

Gesetzer, déi nach bannent de nächsten 3 Méint sollen duerch d'Chamber, reforméieren den Divorce, d'Police, den RMG, de Reklassement an d'Aarbecht vun de Pecherten.

Um Enn vun enger Legislaturperiod hätt ee sech vun engem Staatsmann erwaart, datt en déi grouss Chantieren opzielt, déi op déi nächst Regierung duerkommen, onofhängeg dovunner wéi eng Parteien, datt déi forméieren. Dat sot de Marc Baum vun déi Lénk e Mëttwoch de Mëtten um Krautmaart, wou weider iwwert den "Etat de la Nation" debattéiert gouf.

Geet et dem Land elo wierklech besser? Ass et besser preparéiert op d'Zukunft? Geet et de Leit besser? Hu Jonker haut méi a besser Perspektive wéi viru 5 Joer? An ass eng Politik gemaach ginn am Intressi vun de Leit? Dat sinn an den Ae vum Marc Baum déi Froen un deenen sech d'Regierungsparteie musse moosse loossen. Den Deputéierte vun déi Lénk kënnt zu dëser Conclusioun:

AUDIO: De Marc Baum / Déi Lénk

Dës Regierung an och déi Gréng hunn hiren Job gemaach an och vill ugepaakt, Si hu Mutt bewisen, wéi se all déi onbequem Dossieren ugepaakt hunn, déi d'Virgänger bewosst verschleeft hunn. Dat ass eng Conclusioun, déi den Henri Kox de Mëttwoch de Mëtten an den Debatte gezunn huet. Hien huet awer och drop higewisen, datt de séiere Wuesstem vun der Populatioun grouss Erausfuerderunge mat sech bréngt an huet dofir plädéiert, dorop ze reagéieren.

AUDIO: Den Henri Kox / Déi Gréng

Déi gréissten Oppositiounspartei hätt ëmmer gezéckt a géint wichteg Reformen an der Chamber gestëmmt, dat huet de Fraktiounschef vun der DP, Eugène Berger e Mëttwoch de Mëtteg bei den Debatten, een Dag no der Riet zu der Lag vun der Natioun an der Chamber betount.

Hien huet donieft op eng Partie vun den Annoncë reagéiert, déi den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler e Mëttwoch de Moie bei senger Interventioun gemaach huet. Bei de Mesuren am Logement, déi de Claude Wiseler presentéiert hätt, wier näischt Neies dobäi gewiescht . D’Baulücken zum Beispill wieren näischt iwwert dat ee sech net eens wier. Anescht géing et allerdéngs ausgesi bei den Expropriatiounen, déi kéime fir d'DP net a Fro. Den DP Fraktiounschef ass och op d'Propositioun vum Claude Wiseler agaangen, fir an Zukunft nëmmen nach 60 Gemengen ze hunn. D'CSV géif dës Gemengefusioune vun uewen erof wëllen decidéieren.

AUDIO: Den Eugène Berger / DP

Och de Gast Gibéryen vun der ADR huet iwwert d'Kritik geschwat, allerdéngs iwwert de Manktem u Kritik, deen et an der Ried vum Staatsminister gouf. Hien hätt en Dënschdeg bedauert, datt de Xavier Bettel d'Situatioun vum Land nëmmen als positiv duergestallt hätt an et doduerch un Objektivitéit gefeelt hätt. De Gast Gibéryen huet dann och d'Finanzsituatioun ugeschwat, déi a sengen Aen net besser wier wéi virun 4 Joer:

AUDIO: De Gast Gibéryen / ADR

Déi Opfaassung huet de Finanzminister Pierre Gramegna natierlech net gëlle gelooss:

AUDIO: De Pierre Gramegna / DP
RTL

D'Staatsfinanze wiere kärgesond an hien hätt op deem Punkt och keng alternativ Léisunge vu Säite vun der Oppositioun héieren, huet de Finanzminister nach betount.

Den CSV Deputéierten Marc Spautz huet a senger Interventioun de Problem vum Bauschutt ugeschwat an deen och a Verbindung mam Logement bruecht.

AUDIO: De Marc Spautz / CSV

E Ministère fir d’Zukunft oder fir digital Economie – déi Iddi huet de Franz Fayot vun der LSAP opgegraff. Iwwert d’Form misst een nach schwätzen, ob et en Koordinatiounsministère géif ginn, oder en Ministère an deem verschidden Ressorten zesumme kommen.

AUDIO: De Franz Fayot / LSAP

Um Donneschdeg de Moie gëtt um Krautmaart weider iwwert den Etat de la nation debattéiert, an och de Staatsminister kënnt dann nach emol zu Wuert.