Wéi eréischt elo bekannt gouf, ass de 15. Juli e klenge Fliger op engem Feld beim CR352 noutgelant.

D'Piper 28A hat technesch Problemer a konnt dowéinst net an der Loft bleiwen.

Dat war e Sonndeg, 15. Juli. Géint 14.50 Auer ass d'Maschinn dunn an engem Feld gelant.

Déi 3 Persounen am Fliger goufen net blesséiert an d'Maschinn gouf och net beschiedegt.

RTL

Sonndes nom Rallye Lëtzebuerg huet eng Equipe, déi d'Strecken nachemol kontrolléieren a botze war, dëse Sportsfliger mattsen am Feld stoe gesinn. / © Jean Stijnen

Duerch en technesche Problem bei der Police krute mir dëse Virfall vum 15. Juli eréischt en Dënschdeg den Owend 24. Juli matgedeelt.