Mëtt Dezember dëst Joer waren nach eppes méi wéi 868.000 Lëtzebuerger Frang-Schäiner an Ëmlaf.

Dat schreift d’Tageblatt a berifft sech op Chiffere vun der nationaler Zentralbank. Alles an allem hätten déi Schäiner e Wäert vu ronn 201 Millioune Frang, also knapps 5 Milliounen €.

Am allermeeschten, nämlech iwwer 780.000 Stéck, ginn deemno nach 100-Frang-Schäiner doheem als Souvenir gehalen.