D'Associatioun vun de Lëtzebuerger Studentecerclen hat e Mëttwoch hir Generalversammlung an do goung ënnert anerem riets iwwert d'Pensiounsreform.

D'Joëlle Pizzaferri, d'Vizepresidentin vu bis elo huet um Donneschdegmoien am RTL Interview bedauert, datt d'Revendicatiounen, déi d'Acel hat, net zeréckbehal goufen.

Joëlle Pizzaferri: Mir haten nämlech gefuerdert, dass déi Studienzäiten net un den Alter gebonne wären well eben hautdesdaags ganz vill Leit duerch de Lifelonglearning-Prinzip vill spéider op d'Uni ginn, respektiv e Bachelor oder e Master nohuelen, während dem Schaffen. Si hunn dat awer zréckgesat, wéi et deemools och war ... déi Studienzäiten unzerechnen vun 18 bis 27 Joer. Déi Perioden kann een och nach ëmmer net zréckkafen, dat war och eng Fuerderung vun der Acel. Do musse mer leider bedaueren, dass do net wierklech op eis gelauschtert ginn ass.

AUDIO: D'Joëlle Pizzaferri vun der Acel

D'REEL ass dat anert Joer iwwregens zu Stroossbuerg.

ACEL Generalversammlung zu Walfer
Eng 60 lëtz. Studenten waren op Walfer komm, fir gewuer ze ginn, wat hier Associatioun d’Joer iwwer geschafft huet a wat d’Schwéierpunkten vum nächste Joer sinn
AUDIO: De kompletten Interview mam Joëlle Pizzaferri