Student fir een Dag sinn, dat kënnen den Ament d'Lycées-Schüler, déi kuerz virum Ofschloss stinn, ausprobéieren.

D'Studentevereenegung organiséiert wéi all Joer Dagesreesen a verschidden Unisstied, wou lëtzebuergesch Studenten de Schüler d'Uni an d'Stad weisen.

Op wéi eng Uni soll ech studéiren goen, dës Fro stelle sech den Ament erëm vill Schüler, déi geschwënn hir Première oder Treizième wäerten an der Täsch hunn. Bei dësem Choix musse vill Facteure berécksichtegt ginn. Dofir fiert d'ACEL mat de Schüler an Unisstied, déi bei de Lëtzebuerger Studente beléift sinn. An dëst mat groussem Succès. D'Jessica Leuck weist sech ganz zefridde mam Bilan vun den éischten dräi Reesen.

Jessica Leuck: Bis haut hu mer 2 Reesen duerchgefouert. Aktuell ass Stroossbuerg amgaangen. Karlsruhe war de 25. Mäerz, Bréissel de 26. Mäerz a Stroossbuerg eben haut, den 28ten. Bei all deenen 3 Reese sinn iwwer 40 Leit matgefuer, also 40 Schüler déi sech informéieren iwwert hir zukünfteg Uni an hir Unis-Stad. Bei all deene Reesen ass natierlech bësselchen d'Uni gekuckt ginn, an duerno ass och d'Stad gekuckt ginn. Ech weess zu Stroossbuerg gi se haut och déi traditionell Tarte flambée iessen. Et geet also net nëmmen ëm d'Uni, mä och ëm d'Studenteliewen an der Stad. 

Et geet also drëm, e kompletten Androck vum Liewen an der jeeweileger Stad ze kréien. Niewent der Visite vun den Unis-Gebaier, der Bibliothéik an den Auditorien steet awer virun allem d'Liewen als Student am Mëttelpunkt. Dofir gëtt de Programm vu Studente sur place encadréiert, déi um beschte kënne vermëttelen, wéi et sech an enger Stad lieft.

De 4. an de 5. Abrëll sinn dann nach dräi weider Dagesreesen geplangt, op Köln, Frankfurt an Oochen.