Zënter Samschdeg, 29. Juni um 11.15 Auer sent de Radio 100,7 aus sengen neie Studioen um Kierchbierg.

Den Direkter Fernand Weides huet deen éischte Fader aus dem Studio “Op Antenn” eropgezunn an domat de Radio definitiv op de Kierchbierg geplënnert.

D‘Installatioun um Kierchbierg ass d’Resultat vu villen internen Iwwerleeungen, wéi een de Radiosbetrib méi effizient gestallte kéint. Dofir gouf e speziellen Aarbechtsgrupp agesat, deen d’Planificatioun an d‘Exekutioun ganz no suivéiert huet an de Fernand Weides, Direkter vum Radio an de leschten 19 Joer, ass frou, d’Equipe kuerz viru senger Pensioun de 15. August  op dësem wichtege Schrëtt begleet ze hunn.

© Radio 100,7

“De ganze Prozess ass eng kollektiv Team-Leeschtung, ouni den Asaz vun der ganzer Equipe wier esou eppes net méiglech, jiddereen huet hei seng Roll z’erfëllen” sou de Pascal Tesch, Verantwortleche fir den Projet. “Natierlech kann een net all Wonsch erfëllen, mäi mir hu probéiert esouvill wéi méiglech den Demanden vun de Benotzer Rechnung zu droen.”