Den ACEL, de Lëtzebuerger Studentenverband huet sech e Freideg an enger Pressekonferenz ënnert anerem zu den Problemer vu ville Studente geäussert.

Ronn zwee Drëttel vu sämtleche Studente brécht entweder hire Studium of oder wiesselt d'Richtung schonn no kuerzer Zäit. Dëst ass dem Heng Thillen, Spriecher vun de Studenten no, op eng schlecht Orientatioun an ze wéineg Informatiounen zeréckzeféieren, déi den Schüler kritt wann e sech fir eng Richtung decidéiere muss. An engem éischte Schrëtt kéinte sougenannt "Jobdays“ hëllefen, wou d'Schüler am Lycée Leit aus dem Beruffsliewen direkt Froe stelle kënnen. Relativ kloer Fuerderungen also, déi sech net nëmmen un d'Unien, ma och un Lycéeë riichten an déi et lo nach ëmzesetze gelt. Op dëser Pressekonferenz huet d'ACEL dann och confirméiert, datt si an enkem Kontakt mam Héichschoulminister stinn, an dass dës Virschléi diskutéiert ginn.