Marathon-Refus: D'Coque huet finanziell an administrativ Autonomie a muss käschtendeckend schaffen. Bis zu 570.000 Leit d'Joer passéieren um Kierchbierg.

D'Coque war déi lescht Wochen iwwer vill an der Diskussioun wéinst hirem Refus, fir am Kader vum Marathon 2010 an der Stad weider mam Organisateur Erich François zesummen ze schaffen.

De Centre national sportif et culturel - sou de richtegen Numm vun der Coque - geet op e Gesetz vum 29. Juni 2000 zréck an ass 2002 fäerdeg ginn.

De FONCTIONNEMENT vun der Coque

Den Établissement public, dee selwer baue kann, huet finanziell an administrativ Autonomie, dat ënnert der Tutelle vum Sportminister, dee sech awer ni direkt amësche géif. Donieft géréiert d'Coque hir Installatiounen am Intérêt vun de Sportfederatiounen a vum Schoulsport.

Zejoert hunn 300 Schoulklassen, 25 Sportfederatiounen, wouvun der 13 permanent do trainéieren, an de Sport-études gratis vun der Coque profitéiert. Bis zu 570.000 Leit d'Joer passéieren um Kierchbierg; 2008 waren et der just, tëscht Gänseféisercher, 515.000, mä d'Schwemm war dunn och eppes méi wéi 3 Méint zou.

"Gutt ausgelaascht" a Start-Hëllef fir de Marathon

Deene Responsablen no ass et e grousse Problem, fir déi eenzel Sportaarte vun der Zäit hier laanschteneen ze kréien, well d'Coque gutt ausgelaascht ass; dofir gëtt et och d'Regel, just Halleffinalen a Finale vu Sportcompétitiounen um Kierchbierg z'organiséieren.

Fir Sport-Rendez-vousen oder Manifestatioune mat engem kommerzielle Charakter muss an der Coque bezuelt ginn: An den zwee éischte Joer vum Marathon wär dës Regel awer net strikt agehale ginn, fir dem Événement op d'Been ze hëllefen, sou déi Verantwortlech.

9 Leit am Conseil, 77 Leit Personal

D'Coque huet un hirer Spëtzt e Verwaltungsrot vun 9 Memberen, déi vum Grand-Duc genannt a révoquéiert kënne ginn, op Propos vum Ministerrot; dorënner ass z.B. ee Vertrieder vum COSL, een aus dem Kulturberäich an ee vun der Stater Gemeng. Dee war net beim décisive Vote géint eng weider Zesummenaarbecht mam Marathon-Organisateur Erich François dobäi; offiziell stoung d'Stad Lëtzebuerg allerdéngs op deem senger Säit.

De President an de Vize-President - bis Enn Juli 2010 den Ekonomist Gab Deibener an de Robert Schuler, bis viru kuerzem Regierungsrot am Sportministère - gi vum Ministerrot genannt. Donieft sëtzt z.B. nach de Sportjournalist Pilo Fonck, den neie President vum Conseil supérieur des sports, am Conseil d'administration vun der Coque, déi iwwregens 77 Leit Personal huet. De Verwaltungsrot décidéiert ë.a. iwwert de Budget, d'Konten an den Direkter - dat ass de fréiere Fussball-Trainer Gilbert Neumann -, de Gebrauch vun, d'Aktivitéiten an der Coque an de Rapport d'activités.

De FINANZEMENT vun der Coque

Wéi hire richtegen Numm et seet, huet d'Coque nieft dem Sport nach eng Kultur-, awer och eng Kongressvocatioun, déi allerdings sekundär sinn, a bitt doriwwer eraus Hotellerie- (zejoert 7.400 Nuitéeën) a Restauratiounsservicer un (d'lescht Joer 115.000 Visiteuren).

2008 koume fir Kongresser a Seminäre knapp 5.000 Leit op de Kierchbierg, wat ongeféier souvill ass wéi d'Joer virdrun; a Saache Kultur hat eleng de Military tattoo 8.000 Spectateuren op de Kierchbierg gelackelt.

Kontroll a Kritik vun der Cour des Comptes

Zum Finanzement dann: D'Fonge vun der Coque kommen zu 2/3 aus dem Staatsbudget an zu 1/3 aus eegene Recetten, ë.a. dem Verloune vun den Installatiounen. Den Direkter leet um Enn vun all Exercice e Budgetsprojet vir, e Réviseur kontrolléiert d'Konten, bis spéitstens Mëtt Mee ginn déi Konten der Regierung virgeluegt, an et kënnt nach zu enger Kontroll duerch d'Cour des Comptes.

Déi hat an hirem Rapport iwwert d'Joren 2005 an 2006 ë.a. kritiséiert, dass eng néideg Konventioun mam Stat iwwert d'Gebailechkeete feele géif. Déi gouf am leschten Trimester 2008 ënnerschriwwen. E weidere Kritikpunkt war, dass d'Ausgaben iwwer- an d'Recetten ënnerschat gi wären; den eegenen Aussoen no wëllen déi Responsabel awer virsiichteg géréieren. Och wären an deene Joren, sou d'Cour des Comptes, weider Reserve fir zukünfteg Projeten ugeluegt ginn: Effektiv muss d'Coque als Amortissement zwou Milliounen Euro d'Joer op d'Säit leeën.

Käschtendeckend schaffen

D'Coque huet käschtendeckend ze schaffen an eben der Regierung Rechenschaft ofzeleeën. Wat z.B. d'Konte vun 2008 ugeet, sou hunn déi dem Réviseur no de Patrimoine an d'Finanzsituatioun vun der Coque gutt erëmginn; zejoert ass bei ronn 22 Milliounen Euro null vun null opgaangen.

Zejoert wär e Joer vun der Consolidatioun gewiescht, soen déi Responsabel, déi vun der Regierung och eng exemplaresch Gestioun attestéiert kruten. Fir dat anert Joer goufen dofir och 600.000 Euro manner aus dem Statssäckel gefrot!