Op de GOC zu Stuttgart, dem zweetgréissten Danzturnéier vun der Welt, huet di lëtzebuergesch Koppel Michael Puglisi & Rosaria la Rosa Plaz 6 beluecht.

Ënnert 278 Koppelen, déi un den Depart vum Turnéier gaange sinn, konnten di zwee sech an der Sonderklasse Latein (der héchster Amateursklass) ouni gréisser Schwieregkeeten bis an d'Final danzen, fir do op en Enn eng immens gutt 6. Plaz ze erreechen.

D'Goldmedail goung un d'Rumänen Alexandru Ion/Nedelea Ana Maria Dinu. Sëlwer a Bronze hunn di zwou russesch Koppelen Nikolay Mikadze/Yana Novikova a Petar Daskalov/Christine Höjmark gewonnen.