Vuelta: De Ben Gastauer, Coureur vun Ag2r-La Mondial, ass frou dass hien d'Vertraue vu senger Equipe krut a selektionnéiert gouf.

Um Samschdeg fänkt déi 67. Editioun vun der Vuelta a Spuenien un. Mat dobäi sinn dëst Joer mam Laurent Didier a mam Ben Gastauer och zwee Lëtzebuerger. Iwwer 3.360 Kilometer geet et vu Pamplona op Madrid. Opgedeelt ass de Parcours op 21 Etappe vun deenen der 8 an de Bierger sinn.

Fir de Ben Gastauer ass d'Vuelta nom Giro d'Italia am Fréijoer den zweete groussen Tour fir dëst Joer. Et war net vum Ufank vun der Saison u geplangt, dass de Ben Gastauer bei der Vuelta sollt un den Depart goen. De Coureur vun Ag2r-La Mondial ass frou, dass hien d'Vertraue vu senger Equipe krut a selektionnéiert gouf.

Fir de Ben Gastauer ass et déi éischt Participatioun bei der Vuelta. Grouss Ënnerscheeder tëschent dem Giro d'Italia an der Vuelta gesäit hien awer net. Mam Verlaf vun de leschte Coursen ass de Ben Gastauer ganz zefridden an hien ass optimistesch, wat d'Vuelta ugeet. D'Form muss och stëmmen, well de Parcours ass schwéier dëst Joer.

Wéi eng Aufgaben de jonke Lëtzebuerger an de nächsten dréi Woche muss iwwerhuelen, sinn och scho kloer. Hie muss fir seng Leaderen den John Gadret an den Nicolas Roche schaffen. Déi eng oder aner Etapp kann hien awer och op sech fueren an eventuell e gutt Resultat eraus fueren.

D'Favoriten op d'Victoire si fir de Ben Gastauer virun allem den Alberto Contador an de Christopher Froome. Wee soss nach fir ka mat fueren, wäert sech no den éischten Etappe weisen.

E Samschdegowend ass dann déi éischt Etapp mat engem Equippenzäitfueren iwwer 16 Kilometer.