iPhone 5: Op enger Pressekonferenz vun Apple gouf den neien iPhone virgestallt. Den 1. Smartphone mat universellem 4G kënnt Ufank Oktober op Lëtzebuerg.

  • D'Glas op der Récksäit gëtt duerch Aluminium ersat
  • De Bildschierm soll ëm eppes méi wéi 1 Zentimeter méi grouss ginn, wat erlaabt eng ganz Rei vun App-Ikone méi unzeweisen
  • Den Telefon ass 18% méi dënn an 20% méi liicht wéi de Modell virdrun
  • Den iPhone 5 huet 4G-LTE
  • De Prozessor an d'Grafik sinn duebel sou performant wéi bis ewell
  • D'Kamera huet 8 Megapixel (3264X2448)
  • Den iPhone 5 huet 3 Mikroen
  • Facetime geet och iwwer 3G
  • An den Uschloss soll bësse méi kleng ginn, dat heescht emol direkt, datt een en Adapter bräicht fir op déi aktuelle Accessoiren vun Apple wéi Stereosanlagen, Weckeren, etc...
  • Den iPhone 5 gëtt et a schwaarz oder wäiss
  • D' Präisser goufe fir den iPhone 5 op 199 Dollar fir den 16Gb, 299 Dollar fir den32Gb an 399 Dollar fir den 64Gb - mat Abonnement festgeluecht
  • D'Pré-Commande fir den neien iPhone ginn um Freideg an den USA lass an den 28. September an anere Länner wéi och Lëtzebuerg
  • D'Vente ass da fir Ufank Oktober zu Lëtzebuerg
Den iPhone ass jo dee wichtegste Produit vun Apple. De Smartphone huet Apple zu der räichster Entreprise op der Welt mat bal 120 Milliarden Dollar Borgeld-Reserve gemeet. Et rechent een och domat dat den iPhone 5 nees e puer Millioune mol weltwäit verkaf gëtt. Iwwregens soll dee dann och schonn nächste Mount an de Butteker an Amerika ze kafe ginn.

Op der Pressekonferenz gouf och déi nei Apple-Firmware iOS 6 virgestallt, mat Demoe vun Appen wéi Maps, Passbook an engem verbesserte Stëmm-Assistent Siri, deen elo och zum Beispill eng Reservatioun vun engem Dësch am Restaurant ka maachen.