Duo an Trio, dat sin déi nei Offere vun Eltrona. Duo, also 2, dat ass den Eltrona-Package fir d'Telee ze kucken an ze telefonéieren , beim Trio kënnt da nach en Element derbäi, Trio dat ass de Package fir och nach zousätzlech ze surfen. Eltrona présentéiert dëss 2 Offeren elo esouwuel an enger Radio- wéi och an enger Teléscampagne a ganz interessant dierften dobäi d'Präisser sin: den Duo gëtt iech fir 21 Euro de Mount proposéiert, den Trio fir 45 Euro de Mount. An hei gidd dir am beschten op de Site vun Eltrona fir iech zum Beispill och iwwert déi sëllege Bouqueten u Programmer z'informéieren, déi ee bei hinnen abonnéiere kann, d'Adress ass ganz einfach www.eltrona.lu