D’lescht Woch gouf de Rapport vum fréieren Ombudsmann Marc Fischbach virun der zoustänneger Chamberskommissioun virgestallt an och ëffentlech gemaach. A senger Carte blanche beschäftegt sech de Jacques Drescher mat dësem Rapport.

Den Arméiminister Jean-Marie Halsdorf krut vu sengem Parteikolleg a fréieren Arméiminister Marc Fischbach dat geliwwert, wat e gär gehat hätt: e Rapport, an deem d’Responsabilitéite fir d’Problemer um Härebierg schéi gläichméisseg verdeelt ginn op d’Arméiféierung an op d’Arméigewerkschaft. Et sinn där Problemer zanter der Arméireform vun 2007 an der illegaler Ofsetzung vum Colonel Nico Ries nawell eng etlech. Dorënner d’Avantagë fir Leit, déi sech an Auslandsmissioune mellen, déi zu Jalousië bei den Zaldote gefouert hunn. Wien sech als Kanounefudder hiergëtt fir d’Nato an d’EU, kritt eng Plaz beim Staat, wien dat net mécht, muss sech eng schlecht bezuelten am Privatsecteur sichen.

De Marc Fischbach bedauert a sengem Rapport, dass et net méi wäit hier as mam Korpsgeescht an der Arméi, an hie weess do och, wat ze maachen ass. E schléit déi ganz grouss Restrukturéierung um Niveau vum état-major vir, dee méi direkt soll dem Minister ënnerstallt ginn a keng administrativ Aufgabe méi soll hunn. Esou wéi an all Audit kommen déi üblech Phrasen ewéi Restrukturéierung, Effizienz, Kommunikatioun a Motivatioun am Rapport net ze kuerz.

Fir dat schlecht Klima gëtt d’Arméigewerkschaft mat responsabel gemaach. D‘Kritik un der Form vum gewerkschaftlechen Engagement soll de Virwand liwweren fir déi gewerkschaftlech Fräiheeten an der ganzer Fonction publique ze beschneiden, andeems et engem Gewerkschaftspresident an Zukunft soll verbuede ginn, eng responsabel Plaz an enger Administratioun oder engem Etablissement public ze hunn. Dat géif bedeiten, dass e vu wichtegen Decisiounen a senger Verwaltung oder senger Entreprise ausgeschloss wier an d’Intresse vu senge Membere manner gutt kënnt verteidegen.

Am Fong ass dat eng Afrostellung vum gewerkschaftleche Matbestëmmungsrecht, an et wier e Wonner, wann d’CGFP sech dat do gefale géif lossen. Et ass och e staarkt Stéck, wann enger Gewerkschaft, där hir Roll et ass, op Problemer hinzeweisen a sech fir hir Memberen anzesetzen, op esou eng hypokrit Aart a Weis virgeworf gëtt, si hätt sech am Toun vergraff.

Fir dat ze relativéieren, huet de Marc Fischbach dann och zouginn, dass sech d’Arméihierarchie a bestëmmte Situatiounen net exemplaresch verhal hat. Si hat sech net nëmme während der Boxemännerchers-Affär onbeléift gemaach, wou se en déckt Iesse fir Frënn a Politiker organiséiert hat. Den Här Fischbach seet a sengem Rapport net alles a wëll nach eng Kéier ënner véier Ae mam Här Halsdorf schwätzen.

Esouvill Ëmsiicht wier net néideg gewiescht, well d’Membere vun der parlamentarescher Arméikommissioun si ganz diskret a stelle keng onbequem Froen. Esouguer en Deel vun der Oppositioun behëlt sech, wéi wa se an der Majoritéit wier. Den ADR-Vertrieder, e fréieren Offizéier, huet drop gehal, dass déi Beispiller vu schlechtem Behuele vun der Hierarchie net an de Sëtzungsrapport stoe kéimen. An de grénge Vertrieder, en Eierekaperol vun der Arméi, wollt vrun der Press keng Beispiller nennen.

Kee vun hinnen war och am Stand, de Rapport u sech a Fro ze stellen. Well, sollt de Minister d’Recommandatioune vum Marc Fischbach eent zu eent iwwerhuelen, wäert d’Klima um Härebierg an Zukunft nach méi schlecht ginn, wéi et ewell schonn ass.

De Korpsgeescht an der Chamber ass also méi grouss wéi deen an der Arméi.