"Dumping social gravissime": D'ITM an déi aner zoustänneg Instanzen hunn d'Lycées-Schantercher zu Hollerech a Jonglënster kontrolléiert.

132 Salariéë goufe kontrolléiert. 3 hu fir en Hongerloun vun 3 Euro d'Stonn geschafft, also 500 Euro de Mount. Anerer soten, si géife just 7 oder 8 Euro kréien.

Verschidde Mataarbechter waren zanter dem Januar net méi bezuelt ginn.

13 Salariéen hate kee richtegen medezinesche Suivi a Vereenzelter waren net bei der Securité sociale affiliéiert.

© SCP

Den offizielle Communiqué iwwert déi "Actions coup de poing" vum 15. Mäerz ass dann och iwwerschriwwe mat: « Dumping social » gravissime auprès de sous-traitants occultes dans le domaine du ferraillage pour béton armé.

© SCP

Duerchgefouert goufen d'Kontrolle vum "CIALTI", der "Cellule inter administrative de lutte contre le travail illégal". 7 Administratiounen haten en Donneschdeg gläichzäiteg de Chantier vun der International School zu Hollerech an dee vum neie Lycée zu Lënster kontrolléiert.

© SCP